E Freideg den Owend gouf zu Gréiwemaacher an der Sportshal am Handball ee Frëndschaftsmatch-Lännermatch tëscht Lëtzebuerg an dem Kosovo gespillt.

Vun Ufank u war immens vill Tempo am Spill a béid Ekippen hu sech kaum eppes geschenkt. Um Enn verléiert d'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp awer mat 33:38 géint de Kosovo.

D‘Kosovarinnen haten zwar de bessere Start an de Match erwëscht a louche séier mat 2 Goler am Avantage. Ma d‘Lëtzebuergerinnen hunn net noginn a konnten drubleiwen. Virun allem hunn an dëser Phas d‘Nicki Schilt an d‘Tina Welter offensiv iwwerzeegt. Ma d‘Lëtzebuerger Defense hat esou hir Problemer, virun allem d‘Arifi an d‘Demaj krute si net richteg an de Grëff. Och op der Bande war d‘Lëtzebuerger Verdeedegung immens ufälleg. Bis zum Stand vun 10:10 waren d‘FLH-Dammen awer op kee Fall ënnerleeën. Du koum awer eng Phas, wou d‘Dammen aus dem Kosovo ee Laf haten an esou konnte mat op 19:15 a Féierung goen. Virun der Paus konnt Lëtzebuerg awer nach eemol verkierzen. Zwee Goler vum Tina Welter an ee vum Joy Wirtz hunn dofir gesuergt, dass de Kosovo an der Paus nëmmen nach mat 19:18 vir war.

D‘Lëtzebuerger Dammen hunn de Schwong aus der Schlussphas mat eriwwergeholl an déi 2. Hallschent a konnten direkt ee 7:1-Laf realiséieren, fir mat 25:20 a Féierung ze goen. Virun allem d‘Tina Welter an d‘Schwësteren Joy a Kim Wirtz waren an dëser Phas kaum ze bremsen. Dono war d‘Partie dunn erëm méi ausgeglach an och d‘Dammen aus dem Kosovo sinn nees besser ginn a konnten hire Réckstand eng Véierelsstonn viru Schluss op 28:30 verkierzen. Dat och well d‘Golkipperin aus dem Kosovo e puer ganz spektakulär Parade gewisen huet. D‘Lëtzebuergerinne sinn elo an der Offensiv ëmmer méi nervös ginn an hunn dacks déi falsch Decisioune geholl, esou dass et 10 Minutte viru Schluss 30:30 stoung. An no enger weiderer schlechter Attack vun den FLH-Damme konnt de Kosovo dunn nees d‘Féierung iwwerhuelen. D'Lëtzebuergerinne waren elo komplett vun der Roll an hunn no enger Feelpass ee weidere Réckschlag missen astiechen. Och zwee 7-Meter hunn de Lëtzebuergerinnen net gehollef, well d‘Tina Welter ass zweemol um Golkipp hänkebliwwen an esou si si weider engem 2-Punkte-Réckstand hannendrugelaf. D‘Joy Wirtz konnt Lëtzebuerg nach eemol op ee Gol erubréngen, ma dono ass hinnen net méi vill gegléckt, och d‘Auszäit vum Trainer Adrian Stot sollt net méi hëllefen. Esou verléiert Lëtzebuerg e Freideg den Owend no enger spannender Partie an der gutt-gefëllter Hal zu Gréiwemaacher mat 33:38.