Um Samschdeg hunn d'Dammen en zweeten Testmatch géint de Kosovo gespillt a gewannen dësen mat 31:28.

Nodeems d'Lëtzebuerger um Freideg nach mat 33:38 géint de Kosovo de Kierzeren gezunn hunn, konnte se sech um Samschdeg géint de nämmlechte Géigner mat 31:28 zu Käerjeng behaapten. An der Paus louchen se nach mat 14:15 am Réckstand mee ab der 50 min louchen se a Féierung an hunn dës och net méi aus den Hänn ginn. Mat 6 Goler konnt d'Kim Wirtz déi meescht Goler fir Lëtzebuerg markéieren.

Desweideren gëtt et dann och d'Info dat d'Lëtzebuerger Dammen d'Pre-Qualifikatioun fir d'EM am Juni spillen. Dëst ass fir déi nei forméiert Nationalekipp déi éischt offiziell Competitioun un där se deelhuelen.