An de leschten zwee Joer huet sech am Lëtzebuerger Dammen-Handball villes zum Positiven entwéckelt. Elo steet en neien Challenge virun der Dier.

De Weekend gouf deemno och offiziell matgedeelt, datt d'Nationalekipp an Zukunft wäert u Qualifikatiounsronnen deelhuelen.

AUDIO: Handball: Damme spillen EM- a WM-Qualifikatioun

Et wollt ee sech bei der FLH Zäit loossen, fir ze gesinn, ob de Projet vun der Dammen-Nationalekipp esou staark ass, datt et sech lount, fir un offizielle Qualifikatiounsphasen deelzehuelen.
D'Äntwert ass kloer, jo et lount sech.

Deemno huet de President vun der Federatioun e Samschdeg am Kader vum Testlännermatch géint de Kosovo annoncéiert, dass d'Schounzäit elo eriwwer ass. D'Meedercher an d'Trainer sinn iwwerzeegt, dass se prett sinn. D'Damme spillen 2019 d'Qualifikatioun fir d'EM an d'WM.

Et ass d'Belounung, fir eng anstänneg Aarbecht an de leschten knapp zwee Joer.
D'Equipe huet ee gudde Mix, vill jonk Spillerinnen, e groussen Deel ass ënner 20, an awer och e puer erfueren Dammen, déi den Tempo kennen diktéieren.

D'Nikki Schillt erkläert, dass ee 4 Dammen hätt, déi och wierklech jorelaang Erfarung hätten, wat och wichteg wier, fir de Jonken de Wee ze weisen.

Deemno waart net nëmmen op d'Ekipp, mä och op de Nationaltrainer Adrien Stot vill Aarbecht. D'Ekipp ass dat just virum Testmatch gewuer ginn, wat eventuell eng zousätzlech Motivatioun fir si war. Den Nationaltrainer war op alle Fall zefridde mat der Prestatioun vun der Dammenekipp.

An den Testmatcher géint de Kosovo gouf et eng Victoire, ma och eng Néierlag.