Meynadier a Zuidberg feiere Victoiren am Ausland
E Sonndeg konnte sech d'Magaly Meynadier an de Chris Zuidberg iwwer Victoirë mat hirer Ekipp freeën.
Resultater vun e Sonndeg
D'Magaly Meynadier huet mat hirer Ekipp Wohnbau Angels an der däitscher Basket-Bundesliga mat 73:68 géint d'ChemCats Chemnitz gewonnen. D'Lëtzebuergerin huet 12 Punkten, 2 Rebounds a 4 Assists zur Victoire vun de Wohnbau Angels bäigedroen.
De Chris Zuidberg huet am belsche Volleyball-Championnat mat senger Ekipp vu Waremme mat 3:0 géint Axis Shanks Guibertin gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 9 Punkte markéiert.
Resultater vum Samschdeg
An der däitscher Pro A, der zweethéchster däitscher Spillklass am Basket, verléiert den Thomas Grün mat de Gladiators Tréier mat 59:67 géint d'Academics Heidelberg.
An Holland verléiert Den Helder mam Alex Laurent am Basket mat 73:91 géint Groningen.
Am Handball verléiert Waiblingen mam Tina Welter an der däitscher Coupe denkbar knapp mat 29:30 géint Halle-Neustadt.