Fenteng klappt de Belair, Stroosse mat 1. Defaite

© afp
E Sonndeg stoung eng Partie am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat um Programm. De VCF hat mat engem 3:0-Succès keng Schwieregkeeten geint de VC Belair.
Häre-Volleyball
Fenteng - VC Belair 3:0
Stroossen hat um Samschdeg gepatzt an dat housch fir Fenteng, dat si bei enger Victoire iwwert de Belair d'Tabellféierung géifen iwwerhuelen. Motivéiert ass et dunn och beim VCF lassgaangen: deen 1. Saz huet ee man 25:15 gewonnen, den 2. mat 25:17 a spéitstens do, konnt ee vun enger Victoire vum Champion aus der leschter Saison ausgoen. Och am 3. a leschte Saz hat de Gaascht vum VCB dem Succès vu Fenteng näischt méi entgéintzesetzen an huet schliisslech och dëse mat 25:12 däitlech verluer - eng kloer 3:0-Victoire fir de Champion.
Dikrech - Stroossen 3:2
Stroossen huet e Samschdeg den Owend déi éischte Partie an dëser Saison verluer. Zu Dikrech huet ee sech misse mat 2:3 geschloe ginn. Fir Stroossen hat et am Ufank vun der Partie nach ganz gutt ausgesinn, well no zwee Sätz loung ee mat 2:0 a Féierung. D'Sätz hat ee mat 27:25 a 25:23 fir sech decidéiert. Dikrech ass duerno weider dru bliwwen a konnt den 3. Saz mat 25:21 gewannen. Domadder stoung et nëmmen nach 2:1 fir Stroossen. Am 4. Saz ass du bei de Stroossener näischt zesummegelaf an esou huet een dëse misse mat 10:25 ofginn. Am decisive leschte Saz huet de Chev déi Stroossener net méi an de Match komme gelooss an huet dëse mat 15:9 gewonnen an domadder d'Partie mat 3:2 gewonnen.
Luerenzweiler - Esch 0:3
Esch huet sech e Samschdeg zu Luerenzweiler gutt geschloen an d'Partie mat 3:0 gewonnen. D'Gäscht kënne sech duerch dës Victoire nach Hoffnungen maachen, et an d'Halleffinallen ze packen. Den éischte Saz an der Partie war ganz serréiert, ma um Enn hunn déi Escher d'Nerve behalen a sech duerch ee 26:24 de Saz geséchert. Duerno waren d'Gäscht déi méi staark Ekipp an esou huet een d'Sätz zwee an dräi mat 25:17 a 25:16 fir sech decidéiert an domadder och d'Partie mat 3:0.
Walfer - Bartreng 0:3
Kuerze Prozess huet Bartreng mat Walfer gemaach an d'Partie souverän mat 3:0 gewonnen an doduerch d'Zil, d'Punkte mat heem ze huelen, erreecht. Déi Bartrenger hu sech d'Sätz mat 25:20, 25:17 a 25:10 geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
Walfer - Gym 3:0
Walfer huet um Samschdeg och de Spëtzematch géint d'Gym dominéiert a kloer mat 3:0 gewonne. D'Ekipp vum Trainer Ben Angelsberg marschéiert dës Saison also weider. An de Sätz hunn Hoffmann a Co. mat 25:18, 25:16 an 25:23 d'Iwwerhand behalen.
Mamer - Stengefort 1:3
Mamer ass géint Stengefort net déi zweete Victoire an der Saison gelongen et huet een nämlech mat 1:3 virun den eegene Spectateure verluer. Den éischte Saz haten d'Lokalekipp misse mat 16:25 ofginn. Duerchgäng zwee an dräi waren du méi enk. Deen een huet Mamer misse mat 22:25 ofginn, deen aneren huet ee mat 25:23 fir sech decidéiert. Stengefort huet Mamer awer net zeréck an de Match komme gelooss an huet sech de véierte mat 25:18 gewonnen an domadder d'Partie 3:1.
Dikrech - Stroossen 3:0
Stroossen huet bis ewell nach keng gutt Saison kann an huet sech deels ënner Wäert verkaf. Och um Samschdeg koum keng Victoire dobäi, well et huet een auswäerts mat 0:3 (18:25, 20:25, 19:25) géint Dikrech verluer.
Péiteng - VB Iechternach 3:0
Iechternach bleift och nom 5. Spilldag ouni Punkten an op der leschter Plaz an der Tabell. Zu Péiteng huet ee sech misse mat 0:3 (17:25, 20:25, 14:25) geschloe ginn. Duerch d'Defaite vun der Gym steet Péiteng elo op der drëtter Plaz an der Tabell.