Am Handball spillt den HB Diddeleng dëse Weekend an de 1/16-Finallen vum Challenge Cup zwee Mol a Russland a verléiert den Allersmatch mat 12:31.

Am Allersmatch, deen um 13 Auer ugefaangen hat, war den HB Diddeleng schonn an der Paus däitlech hannen an zwar stoung et 17:6 fir den HC Neva St. Petersburg.

Och no der Paus konnt Diddeleng sech net rehabilitéieren an huet ëmmer weider u Buedem verluer. Schlussendlech koumen se dann am Allersmatch mat 12:31 ferm ënner d'Rieder.

De Retourmatch ass e Sonndeg ëm déi selwecht Zäit.