Fenteng zitt géint Esch de Kierzeren

Bei den Häre gewannen ausserdeem Stroossen, Dikrech a Bartreng. Bei den Dammen sëtzen sech Stengefort, Walfer an Dikrech duerch.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 6. Spilldag.
Häre-Volleyball
Stroossen -Walfer 3:0
Mat Walfer hat Stroossen guer keng Problemer a gewënnt ganz souverän mat 3:0. Just am zweete Saz konnten déi Walfer dogéint halen an hunn hei mat 23:25 de Kierzere gezunn. Am 1. an am 3. Saz huet Stroossen mat 25:12 respektiv 25:16 gewonnen.
Esch - Fenteng 3:2
No den 2 Néierlagen géint Sporting Lissabon gouf et elo eng weider Néierlag an dat no engem ganz spannenden an enke Match géint Esch. Nodeems Fenteng den éischte Saz nach kloer mat 25:15 fir sech entscheede konnt, goung de zweete Saz ganz enk mat 26:24 un Esch. Dono goung Fenteng nees mat 2:1 a Féierung mee Esch konnt dëst nach eng kéier dréinen a gewannen déi zwee läscht Sätz mat 25:19 a 15:11.
Belair - CHEV Dikrech 0:3
Manner spannend war de Match tëscht dem Belair an Dikrech. Hei hunn d'Gäscht kuerze Prozess gemaach, hu kee Saz ofginn a gewann déi 3 mat 25:21, 25:15 a 25:14.
Bartreng - Luerenzweiler 3:0
Och Bartreng wollt guer keng Spannung opkomme loossen an huet Luerenzweiler mat 3:0 nees heem geschéckt (25:23, 25:17, 25:11).
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
Stengefort - Péiteng 3:2
E spannende Match kruten d'Spectateuren zu Stengefort ze gesinn. Den éischte Saz huet Péiteng zwar ganz däitlech op 13 verluer mee dono hunn se sech rehabilitéiert an hunn de Stengeforter e grousse Kampf ofgeliwwert. Mee et waren dann awer déi Stengeforter déi sech dëse Match awer net huele wollte loossen.
Stroossen - Walfer 0:3
Dëse Match konnt Stroossen net spannend gestalten a verléiert dëse Match ganz däitlech mat 0:3 an och an de Sätz haten se ni d'Chance ee fir sech ze entscheeden (14:25, 18:25, 20:25).
Iechternach - CHEV Dikrech 1:3
Ausser dem 3. Saz war dëst eng ganz souverän Virstellung vun den Dikrecher Dammen. All Saz gouf mat opmannst 5 Punkte Virsprong gewonnen (15:25, 20:25, 25:21, 18:25).