Am Handball hat den HB Diddeleng dëse Weekend am 2. Tour vum Challenge Cup 2 Mol a Russland gespillt an dat zu St. Petersburg.

Am Allersmatch e Samschdeg gouf et eng ganz däitlech 12:31-Defaite géint den HC Neva St. Petersburg. E Sonndeg de Mëtteg am Retourmatch huet den HB Dideleng 16:24 verluer. Schonns an der Paus louch ee mat 6:12 am Réckstand.