Gewonnen hat d'Denise Betsema an engem Sprint géint d'Alice Maria Arzuffi. Bei den Häre ka sech de Mathieu van der Poel duerchsetzen.

Um Samschdeg war d'Christine Majerus beim Ambiance-Cross zu Wachtebeke an der Belsch am Asaz.

Um Enn koum d'Lëtzebuergerin op déi 12. Plaz, dëst mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 2 Sekonnen.

D'Hollännerin Denise Betsema konnt sech d'Victoire bei den Damme sécheren. Mat hir um Podium stoungen d'Italienerin Alice Maria Arzuffi, déi zäitgläich mat der Gewënnerin iwwert de wäisse Stréch gefuer war, op Plaz 2 an d'Hollännerin Annemarie Worst op der 3. Plaz.

Bei den Häre konnt sech de Mathieu van der Poel duerchsetzen, dëst mat 9 Sekonne virum Michael Vanthourenhout an 28 Sekonne virum Wout van Aert.

Resultat bei den Dammen:

1 Denise Betsema (Ned) Marlux - Bingoal 0:43:00
2 Alice Maria Arzuffi (Ita) Steylaerts - 777 0:00:00
3 Annemarie Worst (Ned) Steylaerts - 777 0:00:13
4 Loes Sels (Bel) Pauwels Sauzen - Vastgoedservice 0:00:16
5 Ellen Van Loy (Bel) Telenet Fidea Lions 0:00:19
6 Maud Kaptheijns (Ned) Crelan - Charles 0:00:20
7 Laura Verdonschot (Bel) Marlux - Bingoal 0:00:21
8 Sanne Cant (Bel) Corendon - Circus 0:00:22
9 Ceylin del Carmen Alvarado (Ned) Corendon - Circus 0:00:36
10 Helen Wyman (GBr) 0:00:51
...
12 Christine Majerus (Lux) 0:01:02

Resultat bei den Hären:

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 0:56:44
2 Michael Vanthourenhout (Bel) Marlux - Bingoal 0:00:09
3 Wout Van Aert (Bel) 0:00:28
4 Eli Iserbyt (Bel) 0:00:28
5 Gianni Vermeersch (Bel) Steylaerts - 777 0:00:51
6 Toon Aerts (Bel) Telenet Fidea Lions 0:01:14
7 David Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 0:01:34
8 Dieter Vanthourenhout (Bel) Marlux - Bingoal 0:01:34
9 Tom Meeusen (Bel) Corendon - Circus 0:01:45
10 Kevin Pauwels (Bel) Marlux - Bingoal 0:02:02