Ouni Chris Rodesch géint Chile

Alex Knaff (lénks) a Chris Rodesch / © Val Wagner - rtl.lu
De Weekend vum 13. a 14. September spillt d'FLT-Selektioun a Chile am World Group I. De Chris Rodesch ass nach net zréck bei 100% a fält aus.
Dem aktuell beschte lëtzebuergeschen Tennisspiller säi Fokus läit no senger Verletzung am Juni drop, erëm ganz fit ze ginn, fir Enn vum Joer d'Top 100 nach emol voll ugräifen ze kënnen. Och de Gilles Kremer fält blesséiert aus.
De Kapitän Gilles Muller huet deen heite Kader beruff:
- Alex Knaff
- Louis van Herck
- Aaron Gil Garcia
- Raphael Calzi
- Metti Reiter
Fir de Louis van Herck an de Metti Reiter ass et déi éischt Nominatioun fir d'Davis Cup Team Lëtzebuerg. Begleet gëtt d'Ekipp vum Till Salme (Trainer), Benjamin Chassin (Kiné), Mike Welter a Laure Felgen (CA).
D'FLT-Selektioun ass zanter dem leschte Weekend schonn a Chile, fir sech z'akklimatiséieren. Gespillt gëtt am Parque Deportivo Estadio Nacional. Den 13. September fänken d'Matcher um 17 Auer Lokalzäit un (23 Auer bei eis), de 14. September geet et um 16 Auer Lokalzäit un (22 Auer bei eis). HEI kënnt Dir de Live-Score suivéieren.