Am Tirage vum europäeschen Challenge Cup krut den HC Bierchem an den Aachtelsfinallen déi finnesch Ekipp Dicken Helsinki zougeloust.

Den Allersmatch gëtt de Weekend vum 9. an 10. Februar gespillt, de Retourmatch de Weekend drop, also de 16. oder 17. Februar 2019.

Am Prinzip ass den Allersmatch zu Krautem.

Fir déi Bierchemer ass et a priori kee schlechten Tirage.