Bei den Hären a bei den Damme sinn e Samschdeg Matcher vun de 1/4-Finallen an der Coupe gespillt ginn. Bierchem konnt an der leschter Minutt gewannen.

Hären - Coupe de Luxembourg

Red Boys - Bierchem 32:33

Schonn an der leschter Coupe-Saison si béid Ekippen an dëser Konstellatioun vun de 1/4-Finallen openeegetraff. Deemools hat Bierchem sech an enger spannender Partie esou just duerchgesat kritt - d'Red Boys wollten deemno eng Revanche. Et huet een sech also op eng serréiert Partie kënnen astellen, och wann d'Déifferdenger - 1. am Handball-Championnat - als liichte Favorit an de Match gaangen ass.

Déifferdeng koum awer net all ze gutt an de Match a Bierchem ass mat vill Confiance beim Leader aus dem Championnat opgetrueden. D'Réiserbänner konnten de positiven Ufanksdrock awer net wierklech oprecht halen. D'Red Boys konnte sech een zäitweilege 4-Goler-Virsprong erausspillen. Ma d'Bierchemer koumen awer kuerz virun der Paus erëm un an et ass mat engem 15:15 an d'Kabinne gaangen.

Bierchem ass dunn awer net gutt zeréck op de Parquet komm an huet d'éischt emol misse kämpfen, fir zeréck an de Match ze kommen. Si hunn op d'Zänn gebass a sinn 10 Minutte virum Enn mat 28:27 un d'Lokalekipp erukomm. Knapp eng Minutt virum Schluss vun der Partie ware si du mat 32:31 géint de Favorit a Féierung, ier d'Haushären duerch ee 7 Meter op 32:32 ausgläiche konnt.

In extremis huet Bierchem an der allerleschter Sekonn den 33:32 geschoss an huet deemno d'Revanche fir d'Déifferdenger verhënnert. Eng beandrockend Leeschtung vun de Réiserbänner, déi alt 4-5 Goler an dësem Match hanne waren, et awer nach fäerdegt bruecht hunn, fir dës Partie fir sech ze entscheeden an an d'Ronn vun de beschte Véier anzéien.

Keng Revanche fir d'Red Boys: Bierchem wënnt zu Uewerkuer
Eréischt an der allerleschter Sekonn ass den entscheedende Gol fir Bierchem gefall.

Réiden - HB Diddeleng 20:37

Den HC Réiden aus der Promotioun krut am Match géint den HB Diddeleng een 3-Goler-Virsprong zougesprach. Dëse klengen Avantage sollt der Formatioun aus dem Atertdall ënnert d'Äerm gräifen. Ma och dëse Virdeel huet eng Defaite vum HC net verhënnert.

Den aktuell 5. aus dem Handball-Championnat vun Diddeleng huet de Réidener keng Chance gelooss an ass um Enn verdéngt an d'Ronn vun de beschte Véier agezunn.

HB Esch - Péiteng 40:20

No enger kloer Ugeleeënheet huet et an der Partie HB Esch géint Péiteng ausgesinn. Den 2. am Handball-Championnat ass doheem op d'Schlussliicht vu Péiteng getraff - d'Rolle waren deemno kloer verdeelt.

Péiteng hat an dëser Partie dann och näischt ze gutt a muss eng däitlech Néierlag astiechen.

Miersch - Käerjeng 25:39

Och am Match Miersch géint Käerjeng sollt wéi erwaart keng Spannung opkommen an déi Käerjenger konnte sech ganz däitlech géint d'Ekipp aus der Promotioun duerchsetzen.

Coupe des Dames

Käerjeng - Schëffleng 32:17

Den HB Käerjeng wollt um Dribbel géint d'Schëfflenger Dammen an déi nächste Ronn vun der Coupe de Luxembourg anzéien. Déi momentan Nummer 1 an der Tabell aus der Brauerei-Stad wollt géint de 6. aus dem Handball-Championnat séier a Féierung goen, dat ass hinnen och souwäit gelongen. Um Enn stoung eng 32:17 fir den HB um Tableau.

Dikrech - Standard 36:20

De Chev ass um Samschdeg Owend als Favorit an d'Partie géint de Standard vu Bouneweg an d'Partie gaangen - am Championnat trenne béid Ekippen 8 Punkten. Um Enn ass d'Ekipp aus der Brauerei-Stad der Favoritteroll gerecht ginn a konnt sech däitlech géint d'Stater duerchsetzen.

HB Museldall - HB Diddeleng 26:24

E ganz spannende Match gouf et tëscht dem Museldall an Diddeleng wou sech den HB Museldall just ganz knapps mat 26:24 duerchsetze konnt.

Beetebuerg - Handball Esch 10:15

Net vill Goler kruten d'Spectateuren zu Beetebuerg ze gesinn wëll hei gewënnt Esch mat 15:10. Béid Ekippen kruten sech offensiv net gutt an d'Scene gesat.