3:2-Erfolleg fir Fenteng iwwer Stroossen

Mam 8. Spilldag am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat gouf e Samschdeg d'Réckronn vun der aktueller Spillzäit am Dammen- an am Härechampionnat agelaut.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat bei den Hären an den Dammen den Optakt vun der Réckronn.
Häre-Volleyball
Fenteng - Stroossen 3:2
Am Spëtzematch hat de VC Fenteng Stroossen op Besuch. Ganz serréiert war well den 1. Saz, deen de Gaascht mat 25:23 decidéiere konnt. Am 2. Set war et een Erfolleg fir d'Lokalekipp, déi och ee spannenden 3. Saz mat 29:27 knapp fir sech entscheede konnt. Et war een Hin an Hier, well de 4. Saz konnt erëm de Gaascht kloermaachen, ier et am 5. Set zu engem 15:12-Avantage fir d'Haushäre koum.
Luerenzweiler - Dikrech 0:3
Dem Serge Karier, Coach vum Chev Dikrech, seng Formatioun wollt auswäerts géint de VC Luerenzweiler den Erfolleg. Um Enn konnt d'Ekipp aus der Brauerei-Stad mat 3:0 behaapten. Am 1. Saz stoung eng 25:20 Victoire um Tableau an och den 2. Saz goungt mat 25:21 zu Gonschte vun den Dikrecher op een Enn. Am 3. Saz huet de Chev dunn de Sak mat 25:19 zougemaach.
Esch - Bartreng 2:3
Serréiert goung et am Duell tëscht Esch a Bartreng zou. Déi éischt zwee Sätz gounge mat 25:20 an 25:15 zwar relativ kloer un de Gaascht, ma am 3. an am 4. Saz huet d'Lokalekipp de Schalter ëmgeluecht. Si wannen dës Sätz mat 25:22 a 26:24. Beim Stand vun 2:2 goung et an de 5. Saz, dee mat 15:13 fir Bartreng ausgaangen ass.
VC Belair - Walfer 3:0
D'Lokalekipp vum Belair ass gutt géint den RSR Walfer an de Match komm an huet den 1. Saz mat 25:22 fir sech entscheet. Och d'Sätz 2 an 3 si fir d'Lokalformatioun mat 25:23 an 25:20 op een Enn gaangen.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
VB Iechternach - Walfer 0:3
Keng Chance hat de VB Iechternach géint d'Damme vun der Residence. Den 1. Saz konnt Walfer mat 25:19 fir sech entscheeden an och den 2. hat d'Residence mat 25:20 d'Nues vir. Den 3. Saz ass mat 25:17 zu Gonschte vun de Walfer Dammen ausgaangen.
Péiteng - Stroossen 3:1
Saz fir Saz gouf an der Partie tëscht Péiteng a Stroossen ëm d'Victoire gekämpft. Mat 25:18 ass den 1. Saz fir d'Lokalformatioun op een Enn gaangen, ier Stroossen den 2. Saz mat 25:20 fir sech entscheede konnt. Ganz serréiert goung den 3. Saz mat 25:24 aus, Péiteng hat dunn och am 4. Saz mat 25:21 deen néidege sang froid, fir d'Victoire esou kloerzemaachen.
Mamer - Dikrech 1:3
Mat 100% Motivatioun ass de Chev an d'Partie géint Mamer gestart, esou konnte sech déi Dikrecher Dammen den 1. Saz mat 25:15 sécheren. Ma am 2. Saz war awer Mamer mat 25:23 eng Grimmel vir, ier Dikrech am 3. Saz erëm opgedréint an de Set mat 25:13 dominéiert huet. 25:20 ass de 4. Saz zu Gonschte vum Chev ausgaangen.
Stengefort - Gym 3:1
Stengefort ass gutt an de Match gestart an huet déi éischt 2. Sätz mat 25:19 a 25:19 konnte gewannen. Duerno huet de Gaascht ee Liewenszeeche vu sech ginn an huet den 3. Saz mat 25:16 fir sech entscheet. Et ass an de 4. Saz gaangen, deen d'Lokalformatioun um Enn mat 26:24 knapps gewënnt.