Kee Volleyball gouf et iwwerdeems zu Stroossen. Den Daach vun der Hal huet de ville Reen aus de leschten Deeg net gepackt.

Um Sonndeg wënnt Bartreng kloer mat 3:0 géint de VC Belair.

E Samschdeg si wéi gewinnt awer all déi aner Partien um Programm. Dorënner de Spëtzematch bei den Hären tëscht Dikrech a Fenteng bei den Hären. Bei den Damme sti sech ënner anerem Gym an Iechternach géigeniwwer.

Häre-Volleyball

Bartreng – VC Belair 3:0

Ënnert dem Stréch setzt sech Bartreng däitlech mat 3:0 an de Sätz géint de Belair duerch. Bartreng war déi dominéierend Ekipp a sou konnte si den éischte Saz och mat 25:17 wannen. Am zweete Saz war et dat selwecht Bild an och hei waren d'Häre vu Bartreng ze staark a wanne mat 25:17. Am drëtten a leschte saz krut de VC Belair zwar méi Punkte wéi an de Sätz virdrun, ma um Enn stoung awer een 18:25  aus hirer Sicht.

Dikrech – Fenteng 3:0

3:0-Victoire fir Dikrech géint Fenteng - eng enk a spannend Partie hunn d'Spectateuren an der Stad vun den Iesele gesinn. Den éischte Saz ass mat 29:27 un de Chev gaangen an och den zweete konnte si mat engem 2-Punkte-Virsprong 25:23 fir sech entscheeden. Den drëtte Saz goung mam nämmlechte Resultat vun 25:23 fir d'Lokalekipp op een Enn.

Walfer – Luerenzweiler 3:2

Eng ganz serréiert 3:2-Victoire konnt Walfer doheem géint Luerenzweiler kloermaachen. D'Partie huet vun Ufank un dat gehalen, wat een sech dovu versprach hat. Esou ass et och an de fënneften an decisive Saz gaangen. An dësem hat Walfer mat 15:9 d'Nues vir.

Stroossen – Esch

Dës Partie gouf wéinst engem Waasserschued an der Hal verluecht.

Damme-Volleyball

Walfer – Mamer 3:0

Am éischte Match vum Owend gouf et eng Heemvictoire fir Walfer géint Mamer. Den éischte Saz war ganz serréiert mat 25:23 op een Enn gaangen, ier deen zweete mat 25:20 schonns e bësse méi kloer zu Gonschte vu Walfer ausgoung. Den drëtte Saz goung mat 25:15 fir de Champion a Coupegewënner vu leschter Saison op een Enn, wat den 3:0-Erfolleg bedeit huet.

Gym – VB Iechternach 3:1

De VB Iechternach war als Tabellschlussliicht bei der Gym vu Bouneweg op Besuch. Déi Stater haten d'Victoire géint d'Ekipp aus der Abteistad fest ageplangt, ma et war awer zäiteweis eng knapp Ugeleeënheet. Am éischte Saz gouf et eng 25:22-Victoire fir d'Lokalekipp, ier et am zweete Saz mat 25:23 zu Gonschte vun den Iechternacher ausgoung. Duerno huet d'Gym den Tempo awer erëm ugezunn an d'Sätz 3 a 4 mat 25:18 a 25:21 gewonnen.

Dikrech – Péiteng 3:2

Serréiert ass et an der Partie Dikrech - Péiteng zougaangen. Am éischte Saz war et ee 25:18-Avantage fir d'Lokalekipp, ier Péiteng den zweete mat 25:20 dominéiere konnt. Nom drëtte Saz, dee mat 25:14 fir de Chev ausgoung, hat ee gemengt, datt am véierte Saz alles gelaf wier. D'Péitenger haten eppes dogéint an hunn de véierte Saz du mat 27:25 gewonnen.

Deemno goung et an de fënnefte Saz, deen du mat 15:13 fir d'Heemekipp ausgoung

Stroossen – Stengefort

Dës Partie gouf wéinst engem Waasserschued an der Hal verluecht.