D'Partie e Samschdeg den Owend tëscht Bartreng a Stroossen war och e richtege Krimi. Um Enn war Bartreng liicht besser a gewënnt mat 3:2.

Am Volleyball-Championnat geet et lues awer sécher Richtung Halleffinalle vum Championnat. Bei den Dammen an den Hären ass et spannend, wien et um Enn op déi 4 éischt Plaze packt. Um Samschdeg stoung den 10. a leschte Spilldag fir dëst Joer um Programm.

Bei den Hären an den Dammen sinn dëst Joer direkt e puer Ekippen, déi vum Niveau hier ganz no beieneen leien. No der knapper 3:2-Victoire vun Dikrech bleift de Chev mat 23 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Si hunn 1 Punkt Virsprong op Fenteng, déi wéi erwaart mat 3:0 géint Walfer gewonnen hunn. Op der 3. Plaz läit den Ament Bartreng mat 21 Punkten. Si hu sech an engem 5-Saz-Krimi mat 3:2 géint Stroossen behaapt. Déi mat 18 Punkten den Ament op der 4. Plaz leien an den Ament emol bei den Halleffinalle mat dobäi wären. Esch huet als 5. 14 Punkten um Konto an och nach Chancen op d'Halleffinallen.

Bei den Damme sinn et Walfer an Dikrech, déi dës Saison bis ewell dominéieren. Si hunn 28 respektiv 27 Punkten. D'Gym kënnt op 21 Punkten. Op de Plaze 4 a 5 sinn den Ament Stengefort a Péiteng mat jee 14 Punkten, si dierfte wuel déi lescht Plaz an den Haleffinallen ënnert sech ausmaachen.

Häre-Volleyball

Bartreng - Stroossen 3:2

E richtege Krimi hu sech Bartreng a Stroossen geliwwert. Déi Bartrenger waren am éischte Saz méi staark an hunn dëse verdéngt mat 25:16 fir sech entscheet. Duerno waren et dunn déi Stroossener, déi besser waren an den zweete Saz mat 25:20 gewonnen hunn. Duerno ass d'Partie richteg enk ginn. Am drëtten Duerchgang ass et an d'Verlängerung gaangen an do huet Bartreng mat 25:23 d'Iwwerhand behalen. Duerno war et nees ëmgedréint. Stroossen huet de véierte Véierel mat 28:26 fir sech decidéiert an esou huet de 5. an decisive Saz misse fir d'Entscheedung suergen. Hei ass et op en Neits an d'Verlängerung gaangen, Bartreng hat hei déi besser Nerven an huet sech de Saz mat 19:17 geséchert an domadder de Match mat 3:2.

Belair - Luerenzweiler 3:1

Fir de Belair gouf et eng 3:1-Victoire géint Luerenzweiler. Béid Ekippen hu sech eng enk Partie geliwwert, ma an den decisive Phase war de Belair einfach besser. Den éischte Saz huet ee mat 25:23 gewonnen, duerno gouf et ee 25:21. Den drëtte Saz hunn d'Haushäre misse mat 25:27 ofginn, ma am véierte Saz hat een du mam 27:25 nees dat bessert Enn fir sech.

Esch - Dikrech 2:3

Esch brauch all Punkt fir et nach an d'Halleffinallen ze packen. D'Ekipp vum Slim Chebbi huet e Samschdeg géint de Leader Dikrech dann och alles ginn a bis de 5. Saz gekämpft, ma um Enn hat Esch dat bessert Enn net fir sech a verléiert doheem mat 2:3.

Den éischte Saz hat Dikrech mat 25:18 fir sech decidéiert. Am zweete war et ganz enk an et ass d'Verlängerung gaangen. Esch konnt dëse maz 30:28 gewannen. Esch huet dunn do weider gemaach a konnt den drëtte Saz mat 25:18 gewanne, fir an de Sätz mat 2:1 a Féierung ze goen. Dikrech wollt des Partie awer net verléieren an ass zeréckkomm. De véierte Saz huet ee mat 25:20 gewonnen an den decisive Saz du mat 16:14 fir sech entscheet.

Fenteng - Walfer 3:0

De Champion vu Fenteng hat wéi erwaart keng Problemer géint Walfer. 3:0 huet ee sech um Enn géint den Tabelleleschte behaapt. Den éischte Saz haten déi Fentenger mat 25:18 fir sech entscheet, den zweete Saz war du nach méi däitlech an ass mat 25:11 op en Enn gaangen an am drëtte Saz gouf et een 25:20.

D'Tabell nom 10. vu 14. Spilldeeg.

Damme-Volleyball

Iechternach - Mamer 3:0 (25:10, 25:23, 25:19)

Gym - Stroossen 3:1 (25:18, 25:18, 21:25, 25:17)

Stengefort - Dikrech 1:3 (20:25, 22:25, 27:25, 20:25)

Péiteng - Walfer 0:3 (21:25, 22:25, 24:26)