Stroossen klappt de Belair mat 3:0

Dikrech setzt sech kloer mat 3:0 géint Bartreng duerch, Fenteng an Esch kenne sech och behaapten, bei den Damme wanne Stroossen, Walfer, Péiteng an de GYM.
Um Sonndeg stoung nach d'Partie tëscht Stroossen an dem Belair un.
Am Häre-Volleyball stoungen um Samschdeg 3 Partie vum Championnat um Programm.
Häre-Volleyball
Stroossen - Belair 3:0 (25:16,25:14,25:15)
Stroossen konnt sech um Sonndeg däitlech géint de Belair behaapten. Nom éischte Saz, dee mat 25:16 un d'Lokalekipp gaange war, konnt ee schonn eng éischten Tendenz a Richtung Stroossen zéien.
Och am zweete Saz konnt de Belair den Tempo vun de Stroossener net matgoen, a sou konnt sech Stroosse mat 25:14 duerchsetzen.
Am leschte Saz huet Stroossen näischt méi ubrenne gelooss, a sou hu si sech och dëse mat 25:15 séchere kënnen.
Um Enn hat Stroosse keng Problemer a wënnt mat 3:0 an de Sätz.
CHEV Dikrech - Bartreng 3:0 (25:23,25:16,25:18)
An engem ganz serréierten éischte Saz, wou béit Ekippen een ausgeglachene Match gewisen haten, war et um Enn d'Lokalformatioun vun Dikrech, déi mat 25:23 d'Iwwerhand behale konnt.
Am zweete Véierel hat Bartreng méi Schwieregkeete, mam CHEV Matzehalen a sou konnte sech déi Dikrecher och den zweete Saz sécheren, dëst mat 25:16.
Am leschte Saz huet Dikrech dann och näischt méi ubrenne gelooss, a sou konnte si och dëse Saz mat 25:18 wannen. Soumat konnte si sech am General mat 3:0 duerchsetzen.
Luerenzweiler - Fenteng 1:3 (20:25,14:25,25:23,21:25)
Zu Luerenzweiler waren et d'Gäscht vu Fenteng, déi besser an de Match koum waren. Luerenzweiler konnt zäitweis mathalen, ma um Enn war den éischte Saz awer mat 25:20 op de Compte vu Fenteng gaangen.
Am zweete Saz war et eng kloer Geschicht. Fenteng hat Luerenzweiler hei net vill Chance gelooss, a sou war et beim Score vu 25:14 eng kloer Saach fir Fenteng.
D'Haushäre konnte sech am drëtte Saz awer erëm fänken a si konnte Luerenzweiler plazeweis richteg iwwerraschen a sou konnte si den drëtte Saz esouguer mat 25:23 fir sech entscheeden.
De leschte Saz war dann awer och dee Leschten. Mat 25:21 konnten d'Gäscht dëse Saz fir sech entscheeden a sou wanne si um Enn mat 3:1 an de Sätz géint Luerenzweiler.
Residence Walfer - Escher VBC 0:3 (9:25, 21:25,17:25)
D'Gäscht vun Esch waren excellent an dëse Match gestart Den éischte Saz war um Enn kloer an däitlech mat 25:9 op de Compte vun de Gäscht gaangen.
D'Haushäre sollte sech am zweete Saz staark verbessert presentéieren, ma et sollt awer net duergoen, a sou goung dëse Saz mat 21:25 un d'Gäscht.
Am drëtten a leschte Saz war schnell kloer, dass Esch dës Partie wanne wäert. Déi Escher konnten de saz mat 25:17 fir sech entscheeden a wannen de Match soumat och mat 3:0 an de Sätz.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
Stroossen - Iechternach 3:1 (27:25,25:27,25:14,25:16)
Walfer - Stengefort 3:0 (25:16,25:10,25:15)
Mamer - Péiteng 0:3 (19:25, 14:25,25:25)
CHEV Dikrech - GYM Volley 2:3 (25:22,22:25,25:12,24:26,11:15)