Stroossen wënnt 5-Saz-Krimi géint Dikrech

Dikrech huet duerch dës Defaite d'Féierung an der Tabell missen u Fenteng ofginn. Déi hunn nämlech mat 3:1 beim VC Belair gewonnen.
Am Volleyball gouf e Samschdeg den Owend den 12. Spilldag vun der Qualifikatiounsronn am Championnat gespillt. Bei den Häre bleift et weider spannend wien et an d'Halleffinalle packt. Fenteng huet um Samschdeg kloer mat 3:1 beim VC Belair gewonnen, iwwerhëlt domadder d'Spëtzt an der Tabell a mécht e weidere grousse Schratt a Richtung Halleffinallen. Stroossen huet no engem richtege Krimi mat 3:2 géint Dikrech gewonnen.
Bei den Damme sti Walfer, Dikrech an d'Gym schonn an den Halleffinallen. Stengefort a Péiteng maachen déi leschte Plaz ënnert sech aus. Dës Decisioun wäert am direkten Duell den nächste Weekend falen, well Stengefort duerch eng 3:0-Victoire e Samschdeg den Owend géint Mamer weider u Péiteng drubleift. Péiteng spillt eréischt e Sonndeg.
Häre-Volleyball
Stroossen - Dikrech 3:2
Stroossen an Dikrech hu sech wéi erwaart e richtege Krimi geliwwert. Nodeems d'Lokalekipp den éischte Saz mat 25:20 gewonnen huet, huet duerno d'Ekipp vum Serge Karier de Match gedréint, dat duerch e 25:23 am zweete Saz an ee 25:21 am drëtte Saz, a loung elo mat 2:1 an de Sätz a Féierung.. Stroossen huet sech allerdéngs net geschloe ginn an huet sech de 4. Duerchgang mat 27:25 geséchert. Domadder ass et an den decisive 5. Saz gaangen. Hei loungen d'Käscht mat 11:10 a Féierung, ier Stroossen d'Féierung iwwerholl huet an de Saz mat 15:12 fir sech entscheet huet. Domadder gewënnt Stroossen mat 3:2 géint Dikrech. De Chev verléiert duerch dës Defaite d'Féierungspositioun an der Tabell.
VC Belair - Fenteng 1:3
Fenteng ass 2 Spilldeeg virum Enn vun der Qualifikatiounsronn den neie Leader am Volleyball-Championnat. Déi Fentenger hu sech kloer mat 3:1 beim VC Belair behaapt. D'Gäscht hunn allerdéngs e bësse gebraucht, fir an de Match ze kommen. Den éischte Saz hu si misse mat 21:25 ofginn. Den zweete konnte si dunn awer mat 26:24 fir sech entscheeden. Duerno huet Fenteng säi Spill duerchgezunn an dem Belair keng Chance méi gelooss. Si hunn d'Sätz 3 a 4 mat 25.14 respektiv 25:9 gewonnen.
Esch - Luerenzweiler 3:0
Esch bleift och nach an der Course fir d'Halleffinallen. E Samschdeg gouf et eng souverän 3:0-Victoire géint Luerenzweiler. An de Sätz huet ee sech mat 26.24, 26:15 a 25:18 behaapt. Domadder läit een elo nëmmen nach 1 Punkt hannert Bartreng, déi mat engem Match manner op der 4. Plaz stinn.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
Stengefort - Mamer 3:0
Eng verdéngten 3:0-Victoire gouf et fir Stengefort géint Mamer. D'Lokalekipp huet sech déi éischt zwee Sätz kloer mat 25:10 a 25:18 geséchert. Am drëtten Duerchgang war et du méi enk, ma Stengefort huet d'Gäscht net méi zeréck an de Match komme gelooss an och dëse gewonnen an dat mat 25:22.
Gym - Walfer 0:3
Walfer huet sech vun der Gym net iwwerrasche gelooss an huet souverän mat 3:0 gewonnen. An der Tabell behält een 3 Punkten Avance op Dikrech. Walfer huet d'Sätz mat 26.24, 25:19 a 25:12 fir sech decidéiert.
Stroossen - Dikrech 0:3
Déi erwaarte Victoire gouf et fir Dikrech géint Stroossen. Si hunn d'Sätz mat 25:19, 25:21 a 25:15 fir sech decidéiert. An der Tabell bleift een 3 Punkten hannert dem Leader.