An der Sonndespartie bei den Hären huet de Leader aus der Tabell näischt géint d'Géigner vun Esch ubrenne gelooss. Dikrecher Damme konnte souverän wannen.

E Sonndeg war nach jee eng Partie bei den Hären an eng bei den Damme fir de Kont vum 13. Spilldag. Schonn e Samschdeg den Owend goufen am Lëtzebuerger Volleyball-Championnat bei den Hären an den Dammen eng Partie Matcher gespillt.

Häre-Volleyball

Fenteng - Esch 3:1

E Sonndeg ass de Leader vu Fenteng op Esch getraff. Fir déi Escher war dëse Match déi leschte Chance, fir nach de Sprong an d'Play-Offen ze packen - eng Victoire auswäerts war also d'Zil. Ma d'Haushären haten awer eppes dogéint an hunn den éischte Saz mat 25:17 gewonnen. Duerno huet d'Heemekipp awer mat 20:25 de Kierzere gezunn, ier si den drëtte Saz knapp mat 25:23 wanne konnten. Am véierte Saz war Fenteng erëm méi staark a konnt dëse mat 25:20 entscheeden.

CHEV Dikrech - Belair 3:1

Mat dem Belair hat Dikrech net immens vill Problemer a gewënnt souverän mat 3:1. Vun deenen 3 Sätz huet de Belair keen däitlech verluer (21:25, 20:25 an 19:25) an awer haten se ni eng Chance ee vun dëse Sätz ze gewannen. Den 3. Saz konnte se mat 25:23 fir sech entscheeden mee dat sollt awer net duergoen.

Luerenzweiler - Bartreng 0:3

Vill konnt Luerenzweiler de Bartrenger net geféierlech ginn. Schlussendlech konnte se just am 2. Saz mat Bartreng mathalen a verléieren dëse knapps mat 23:25. Déi aner 2 konnt Bartreng mat 25:11 a 25:16 fir sech entscheeden.

Walfer - Stroossen 0:3

Och Stroossen hat um Samschdeg guer keng Problemer a klappt Walfer an 3 Sätz mat 25:12, 25:17 a 25:13.

Damme-Volleyball

CHEV Dikrech - Iechternach 3:0

Och bei den Damme blouf nach eng Partie e Sonndeg ze spillen - Dikrech ass doheem géint Iechternach opgetrueden. D'Dammen aus der Abteistad hate sech beim CHEV eppes virgeholl, ma waren awer an den éischten zwee Sätz séier mat 2:0 hannen. 25:11 a 25:10, esou houschen d'Scoren no den éischten zwee Sätz. Am drëtte Saz huet d'Heemformatioun mat engem weidere 25:11 den Deckel op dëse Match geluecht.

Péiteng - Stengefort 3:2

E ganz spannende Match kruten d'Spectateuren zu Péiteng ze gesinn wéi et an e 5-Saz Krimi gaangen ass. Stengefort konnt no den éischten 2 Sätz (25:20 an 25:23) a Féierung goen mee Péiteng huet sech net opginn a konnt sech nees an de Match bäissen sou dat se den 3. a 4. Saz mat 25:17 respektiv 25:19 fir sech entscheede konnten. Sou ass et an de 5. Saz gaangen an do sollt et weiderhin sou spannend bleiwen mee et waren déi Péitenger déi sech mat 19:17 duerchsetze konnten an esou konnten se dëse Match no engem 0:2-Réckstand nach mat 3:2 gewannen. Domadder steet Péiteng sécher an den Halleffinallen vum Championnat.

Walfer - Stroossen 3:0

Mat Stroossen hat de Favorit vu Walfer guer keng Problemer an huet am Schnellduerchlaf mat 3:0 (25:14, 25:19, 25:15) gewonnen.

Mamer - Gym 0:3

Genau wéi Walfer hat och den Gym keng Problemer a gewënnt ouni Problemer mat 3:0 géint Mamer. Just am 2. Saz huet sech den Gym méi schwéier gedoen an entscheet dësen mat 27:25 fir sech. Déi aner huet den Gym mat 25:17 a 25:16 fir sech entscheet.