E Mëttwoch den Owend konnte sech an den Halleffinallen Diddeleng géint Käerjeng an Esch géint Bierchem duerchsetzen.

E Mëttwoch den Owend goufen am Lëtzebuerger Handball bei den Hären d'Halleffinallen an der Coupe gespillt.

Hären-Handball: D'Coupefinall heescht Diddeleng géint Esch
E Mëttwoch den Owend konnte sech an den Halleffinallen Diddeleng géint Käerjeng an Esch géint Bierchem duerchsetzen.

Um 18.30 Auer hat d'Partie Diddeleng-Käerjeng den Optakt gemaach. Et war e spannende Match ... bis 5 Sekonne viru Schluss stoung et nach 30:30, ma dunn hunn déi Diddelenger e 7-Meter géint den aktuelle Champion verwandelt a stoungen an der Finall - an de Käerjenger hir Hoffnunge ware mat engem Schlag futti.

RTL

© Emile Mentz

Déi zweet Halleffinall um 20.45 Auer housch Bierchem géint Esch an hei konnte sech déi Escher géint den Titelverdeedeger an der Coupe duerchsetzen. Laang war den Ecart enk, ma zum Schluss war den Avantage bei den Escher, déi sech mat 28 op 25 géint Bierchem duerchsetze kënnen.

© Emile Mentz

D'Finall e Samschdeg den Owend an der Coque heescht also Diddeleng géint Esch. Déi Escher dierften do liicht favoriséiert sinn, ma an enger Finall ka bekanntlech alles geschéien ...

Op RTL.lu iwwerdroe mir d'Finall natierlech live!