De grousse Favorit Käerjeng konnt sech um Enn kloer mat 26 op 15 géint Esch duerchsetzen. De Chev Dikrech wënnt mat 1 Gol Ecart géint den HB Museldall.

No den Hären um Mëttwoch waren en Donneschdeg d'Dammen drun: An der Coque goufen d'Halleffinalle vun der Coupe am Handball gespillt: Käerjeng géint Esch an Dikrech géint de Museldall.

Déi 1. Halleffinall gouf um 18.30 Auer ugepaff. Esch aus der Promotioun hat mat engem Avantage vun 3 Goaler d'Partie géint Käerjeng ugefaang. No 7 Minutten hat de Champion d'Partie awer scho gedréint. Déi Escher Meedercher hu 17 Minutten gebraucht, fir deen éischte Gol ze markéieren. Ma d'Spannung war awer net eraus, déi Käerjenger louchen an der Paus nëmmen 12:10 vir - virun allem de Käerjenger Ugrëff war schwaach.

Nom Säitewiessel sinn déi Escher bei 13:12 eemol a Féierung gaangen, ma dunn huet d'Kraaft ëmmer méi nogelooss. Um Enn gewënnt Käerjeng - ouni z'iwwerzeegen - mat enger Avance vun 11 Punkten, nämlech 26:15.

D'Enttäuschung huet sech bei den Escher awer Grenzen gehal, well si bei Wäitem net esou ënnergaange sinn, wéi et vu muncher engem erwaart gi war.

© Ant Deister / RTL.lu

Ëm 20.45 Auer gouf déi 2. Halleffinall gespillt: HB Museldall géint Chev Dikrech. Et war erwaart ginn, datt dee Match vill méi serréiert géif ginn an esou koum et dann och.

D'Partie war intensiv a spannend. Viru 450 Spectateure stoung et no 30 Minutten 11-9 fir de Chev Dikrech. Béid Ekippe sinn och an der zweeter Hallschent relativ hektesch opgetrueden an doduerch sinn net vill Goaler gefall.

Dikrech hat no der Paus e gudde Laf, ma de Museldall koum nees bäi an hat et zum Schluss an der Hand, wéi een nach just ee Gol hanne war bei 17:18 an de Chev eng Zwou-Minutte-Strof krut. Ma de Museldall konnt d'Iwwerleeënheet net notzen, koum 17:19 no hannen a koum zum Schluss nach just op ee Punkt bäi.

No der 19:18-Victoire steet also Dikrech an der Finall géint Käerjeng, gespillt gëtt déi e Sonndeg den Owend um 18.30 Auer an der Coque, mat engem Livestream op RTL.lu. Mir iwwerdroen iwwregens sämtlech Finallen um Samschdeg an um Sonndeg!