D’Coupe geet dëst Joer op Esch
E Samschdeg den Owend gouf d’Finall vun der Loterie National Coupe de Luxembourg tëscht Diddeleng an Esch gespillt. Esch huet den HBD mat 33:24 dominéiert.
D’Finall e Samschdeg am Gymnase vun der Coque war spannend, gouf awer relativ fréi vun den Escher entscheet. Um Enn sollt Esch d’Nues virhalen an de 7. Titel an der Veräinsgeschicht kloermaachen. D’Ekipp vum HBE konnt sech mat 9 Goler Virsprong 33:24 duerchsetzen.
FOTOGALERIE: Nach vill flott Andréck vum Match op pressphoto.rtl.lu.
LINK: Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck
Resumé vum Match
Am éischten Duerchgang hat et den HB Diddeleng immens schwéier a louch no 18 Minutte mat 5:11 hannen. Den HB Esch, deen als liichte Favorit an dës Partie goung, wousst, wat op e géif duerkommen, gëtt eng Finall dach duerch Klengegkeeten entscheet an ass d’Ekipp vum HBD staark genuch, fir den Escher ee Been ze stellen.

© Screenshot
Ma Esch ass awer méi ofgekläert opgetrueden, och wann den Tommy Wirtz op der Säit vun Diddeleng mat vun der Partie war. Och mat him haten et déi Diddelenger schwéier, fir sech den 20. Coupësuccès an der Veräinsgeschicht ze sécheren.
Wat de Match méi laang gedauert huet, wat den HBD besser an de Match komm ass. Dëst huet awer näischt doru geännert, datt et an der Paus 16:10 fir den HB Esch stoung.
Dëse Réckstand war fir Diddeleng theoretesch nach opzehuelen, den HB Esch ass nom Téi awer erëm méi staark ginn a konnt sech no 45 gespillte Minutten ee 9-Goler-Virsprong erausspillen.

© Screenshot
Eng ganz dominant Escher Ekipp huet dunn an der leschter Véirelsstonn weider op de Gas gedréckt a knapps 10 Minutte virun Enn de Géigner vun Diddeleng net méi erukomme gelooss. Domat war de Match entscheet an déi Escher konnte mat hire Supporter feieren.

© Screenshot
De beschte Buteur bei den Escher war de Moritz Barkow mat 6 perséinleche Goler. Bei Diddeleng war de Jospil Ilic den Top-Scorer mat 7 Goler.