An der Handball-Federatioun wëlle se de Benevolat an der nächster Zäit méi an eng Professionalisatioun ëmwandelen.

Dat sot de President vun der FLH e Samschdeg um Bord vun der Coupe-Finall. De Romain Schockmel huet och nach gesot, dass een an Zukunft wëll méi mat Däitschland a Frankräich zesumme schaffen. Et hätt een do ee Projet, wou een haaptsächlech d'Kollaboratioun, d'Developpementer an d'Formatiounen tëscht deenen 3 Länner wéilt koordinéieren. Mat Däitschland a Frankräich hätt een zwou Weltmeeschter-Natiounen als Noper an et géing een hoffen, doduerch och de Lëtzebuerger Handball kënne méi professionell ze gestalten.

AUDIO: De Romain Schockmel

Den Accord tëscht Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg gouf e Samschdeg ënnerschriwwen.