D'Tina Welter huet d'Handballféiwer am Alter vu 4 Joer gepaakt. Bis 2013 huet d'Sportzaldotin fir den HB Käerjeng gespillt.

Mëttlerweil huet et d'Tina Welter an d'Ausland gezunn, wou si elo fir d'Tigers Waiblingen an der 2. Bundesliga am Asaz ass. Een Dag virum Match géint d'Tréierer Miezen huet d'Tina Welter déi Platz besicht, wou alles ugefaangen huet. Ob Acker zu Käerjeng.

Déi Couppen, déi si mam Veräin gewonnen huet, stinn an der neier Käerjenger Sportshal, um Dribbel, wou den HB Käerjeng momentan spillt. Geleeënheet huet sech och aginn, al Bekannter erëm ze gesinn, dorënner och de President vum HB Käerjeng, de Marcel Kirtz.

Och den alen Trainer, de Claude Weinzierl, ass laanscht komm wéi deen héieren huet, dass seng fréier Spillerin am Land wier.

E besonnesche Lien gëtt et tëschent dem Tina Welter an dem Nicki Schilt, déi net nëmmen an der Jugend an enger Ekipp waren, mee och zesummen am Nationalkader stinn. D'Freed beim Nicki Schilt war grouss, dass hir Ex-Matspillerin den HB Käerjeng besicht huet.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Wäit fort war den nächsten Match vun den Tigers Waiblingen jo bekanntlech net. Dës Partie géint d'Tréier Miezen war net nëmmen e spezielle Match fir d'Tigers, déi ëm den Opstig wëlle matspillen, mee och fir d'Tina Welter, déi virun hirem Wiessel op Waiblingen fir Tréier gespillt huet.

De Match huet allerdéngs net gutt fir d'Tigers ugefaangen. An der Paus louche si mat 8 zu 10 hannen. De Coach schéngt awer an der Kabinn déi richteg Wierder fonnt ze hunn, déi de Match an der zweeter Halschent dréine konnten. Mat 25:22 huet Waiblingen géint Tréier gewonnen.

Ween d'Tina Welter an Action wëll gesinn, huet d'Méiglechkeet dëst den 19. an den 20. Abrëll ze maachen. Da spillt d'Damen-Nationalekipp géint d'USA.