Esch wënnt géint d'Red Boys an Diddeleng klappt Bierchem, Victoire fir Käerjeng

© Gilles Tricca
E Samschdeg den Owend waren am Hären Titel-Grupp an der 4. Ronn zwou Partien um Programm. Bei den Damme hat de Museldall Schëffleng op Besuch.
Hären-Handball
Red Boys – HB Esch 29:31
De Leader vun Esch wollt bei de Red Boys punkten an d’Tabelleféierung esou behaapten. Ënner Drock stoung awer net de Gaascht vun Esch, mä et waren déi Déifferdenger, déi onbedéngt hu misse wannen, wa se nach eng Chance op d’Meeschterschaft hale wollten.
D'Spectateuren am Centre Sportif zu Uewerkuer hunn eng equilibréiert Ufanksphas tëscht dem Coupegewënner vun Esch de Red Boys gesinn - an den éischten 20 Minutten hate wierklech béid Formatiounen hir Spillzich no vir. Duerno Huet Esch awer ee 4-Goler-Run higeluecht an ass deemno e puer Goler ewech gezunn, soudatt et 12:15 aus der Siicht vun den Déifferdenger an der Paus stoung.
Et huet een also dierfen op eng Reaktioun vun de Red Boys am 2. Duerchgang gespaant sinn an déi ass dunn och komm. Déifferdeng ass immens gutt an d'2. Hallschecht gestart, huet eng zolitt Defense gespillt an dem Géigner d'Liewen esou schwéier gemaach. Ronn eng Véierelstonn viru Schluss war den Ecart nëmmen nach op 1-2 Goler fir d'Gäscht.
An der Schlussphas konnt Esch een 2-Goler-Virsprong op de Géigner Déifferdeng halen, ma genee 1 Minutt virum Enn vum Match war den Ecart just nach op engem Gol. 30 Sekonne virum Enn huet den Tom Krier fir d'Victoire vun den Escher gesuergt, dat wéi hien den 31:29 fir seng Faarwe markéiert huet.
Mat der Victoire vum HB Esch bleiwe si och Leader an der Tabell.
HC Bierchem – HB Diddeleng 27:35
Zu Bierchem ass den HB Diddeleng géint d’Réiserbänner ugetrueden. D’Heemekipp wëllt onbedéngt de Sprong an den Challenge-Cup packen, dofir huet awer e Samschdeg den Owend eng Victoire géint d’Formatioun aus der Forge du Sud misse realiséiert ginn.
An der Paus haten d'Gäscht vun Diddeleng awer schonn ee 5-Goler-Virsprong, soudatt op d'Heemekipp eng ganz schwiereg 2. Hallschecht gewaart huet. Den HBD war nämlech déi méi dominant Ekipp an huet - obwuel tëschenzäitlech zwee Spiller vum Terrain gesat goufen - d'Iwwerhand am 1. Duerchgang behalen.
Och nom Téi huet et net alt ze gutt fir déi Bierchemer ausgesinn, dat well Diddeleng ëmmer nees e puer Goler hannerenee markéiere konnt. Ronn 15 Minutte viru Schluss stoung et 27:18, wat schonn esou gutt wéi d'Virentscheedung war.
Zweemol een 3:0 fir d'Formatioun aus der Forge du Sud huet de Réiserbänner an der 2. Hallschecht d'Genéck definitiv gebrach an d'Defaite fir d'Heemekipp domat kloergemaach.
Chef Diekrech - HB Käerjeng 27:33
Käerjeng ass als klore Favorit op Dikrech gereest, huet awer net direkt an de Match fonnt. D'Heemekipp konnt mat 2:0 a Féierung goen an eréischt no 6 Minutte war et déi éischte Féierung fir d'Gäscht. Bis zu der 12. Minutt konnt Dikrech mathalen, ma dunn hunn d'Gäscht séier aus engem 6:6 en 13:6 gemaach. Mam Score vu 16:10 fir Käerjeng ass et dunn an d'Paus gaangen.
Direkt nom Säitewiessel hat Käerjeng nees eng ganz gutt Phase. Iwwer 6 Minutte krute si kee Gol geschoss, hunn der awer 5 markéiert an esou de Virsprong op 11 Punkten ausgebaut. An deem Beräich huet sech dat an den nächste 15 Minutten agependelt, Mol waren et 9 Goler ënnerscheet, Mol 11. Déi lescht 10 Minutten hunn dann kloer den Dikrecher gehéiert, déi aus engem 19:29 nach e 27:33 konnte maachen.
Och an der Relegatioun gouf bei den Häre gespillt:
HC Atert Réiden – HB Péiteng 23:36
HB Museldall – HC Standard 33:29
Dammen-Handball
HB Museldall - Schëffleng 24:17
CHEV Dikrech - HB Käerjeng 20:30
E Sonndeg war eng weider Partie am Titelgrupp. Hei hat Käerjeng auswäerts zu Dikrech net vill Méi.