De Wee, fir konkret Verhandlungen tëscht dem Club aus der 3. Futtball-Bundesliga an dem Lëtzebuerger Mäzen ass elo fräi.

RTL-Informatiounen no soll de Flavio Becca elo konkreten Interessi hunn, fir als strategeschen Investisseur beim 1. FC Kaiserslautern aus der drëtter däitscher Futtball-Bundesliga eranzeklammen.

De Wee ass elo fräi fir konkret Verhandlungen tëscht dem Lëtzebuerger Mäzen an dem 1. FCK.

En Donneschdeg waren d'Gremie vum Traditiounsveräin zesummen, fir eng gewëssen Neistrukturéierung ze maachen. De Michael Littig gëtt neien Opsiichtsrotspresident an den Patrick Banf ass weiderhin am Bäirot vun de Rouden Däiwelen. Déi zwee waren jo an de leschte Méint heiansdo uneneegeroden.

Um Betzenberg gëtt déi aktuell Approche vun deenen zwee positiv opgeholl, well elo am Interêt vum Club gehandelt gi wär. RTL hat jo schonn informéiert, datt de Flavio Becca an de leschte Wochen e puer Gespréicher mat deene Responsabel vu Lautern hat.

RTL

De Flavio Becca