De leschte Weekend ass den 1. Spilldag vum Mixte-Championnat am Indiaca gespillt ginn.

Um éischte Spilldag vum Indiaca Mixte-Championnat huet Bettenduerf an eegener Hal alleguerte seng 4 Matcher souverän gewonnen an dat ouni ee Saz ofzeginn. 
 
Géint Useldeng, déi nom éischte Spilldag op der zweeter Platz an der Tabell stinn, konnten déi Bettenduerfer sech mat 25:11 a 25:16 behaapten.
 
De Sauerdall, d‘Nowuessekipp vu Bettenduerf, huet alleguerten d‘Matcher verluer. Hei ass et virun allem drëm gaangen, Erfarung ze sammelen.
 
Am Mixte-Championnat stinn elo nach zwee Spilldeeg um Programm. Bei deenen ass och Leuze mat dobäi. Genee wéi de Sauerdall kënnt d‘Ekipp aus der Belsch awer net an d‘Schlussklassement vum Championnat.

RTL