Esch setzt sech mat 29:24 zu Käerjeng duerch

© Serge Olmo
Mat der Victoire iwwer den HB Käerjeng steet den HB Esch no virum Titel am Lëtzebuerger Handball-Championnat.
An der Sonndespartie konnt den HB Esch mat engem 29:24-Erfolleg fir d'Virentscheedung am Handball-Championnat suergen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen den Optakt vum 5. Spilldag vun der Titelgrupp. Och am Playdown gouf bei den Hären ee Match gespillt.
Hären-Handball
HB Käerjeng - HB Esch 24:29
An enger rasseger Partie tëscht dem Titelverdeedeger Käerjeng an dem Coupegewënner Esch gléckt schliisslech dem HB Esch um Enn eng 29:24-Victoire. Domat ass d’Virentscheedung ëm de Championstitel gefall. Esch huet elo 5 Punkte Virsprong an der Tabell an dierft sech bei nach 5 ze spillene Partien den Titel net méi huele loossen.
D’Ausgangslag war virun dem Spëtzematch fir de Kont vum 5. Spilldag am Titelgrupp kloer: Géif Esch auswäerts um Dribbel gewannen, da wier de Champions-Titel der Ekipp ronderëm de Christian Back wuel net méi ze huelen. Zanter 12 Matcher sinn déi Escher ongeschloen an d’Selbstvertraue vum Trainer André Gulbicki senger Ekipp huet een an der Ufanksphas erkannt – den HBE wollt direkt dem Match de Stempel opdrécken.
Esou war den HB Esch vun Ufank un um Parquet present a konnt sech een 2-3-Goler-Virsprong erausspillen. Dësen huet d'Formatioun vun Esch dann och bis an d'Paus gehalen. Beschte Buteur bei den Escher war nom 1. Duerchgang de Martin Müller mat 4 perséinleche Goler. Bei Käerjeng war de Jacques Tironzelli beschte Buteur mat 3 Goler. Mat engem 11:14 aus der Siicht vum HB Käerjeng goung et an d'Paus.
Och am 2. Duerchgang war Esch déi dominant Ekipp a konnt well fréi mat 5 Goler Virsprong ewechzéien. Zwar koum Käerjeng ronn 8 Minutte virum Enn nach eemol op 3 Goler bäi, ma d'Victoire war dem Escher awer net méi ze huelen.
Bierchem - Dikrech 33:24
Natierlech war Bierchem géint Dikrech de Favorit an dat huet sech och um Terrain bemierkbar gemaach. No 15 Minutten hat Dikrech just 3 Goler zustane bruecht a Bierchem dogéint därer 8. Dono konnt Bierchem dëse Virsprong halen awer net vill weider ausbauen sou dat et mat 16:10 an d'Paus gaangen ass. An der zweeter Halschent konnt Dikrech besser mathalen an huet de Réckstand konstant gehalen. Eng Gefor fir Bierchem konnten se opgrond vum schlechte Start awer net méi ginn.
Diddeleng - Red Boys 27:38
Och Diddeleng ass wéi Dikrech iwwerhaapt net gutt an de Match gestart an hat direkt no 15 Minutten schonn e Réckstand vu 6 Goler ze verdauen. Och dono sinn déi Diddelenger net weider erukomm sou et mat engem komfortablen 18:10 fir d'Red Boys an d'Paus gaangen ass. An den zweeten 30 Minutten konnten se de Schued awer a Grenzen halen an hunn de Réckstand net méi grouss uwuesse gelooss mee hunn am grousse ganzen awer e ganz schlechten Owend erwëscht. Bei de Red Boys war den Daniel Scheid mat 8 Goler de beschte Buteur.
Playdown:
Museldall - Réiden 31:16
Dammen-Handball
Schëffleng - Dikrech 17:24
An der éischter Halschent war de Match zimlech ausgeglach an et ass mat engem 10:11 an d'Paus gaangen. An der Mëtt vun der zweeter Halschent haten déi Schëfflenger awer eng Schwächephase an dat hunn déi Dikrecher äiskal ausgenotzt sou dat se mat 24:17 gewanne konnten.
Standard - Museldall 15:26
De Museldall ass direkt vill besser an de Match komm a louch schonn no 10 Minutten mat 7:1 a Féierung. Dono war de Standard e bësse besser am Match an et ass mat engem 8:13 an d'Paus gaangen. Mee och an den zweeten 30 Minutten hat de Museldall guer keng Problemer a wënnt souverän mat 26:15.
Playdown:
Réiden - Red Boys 11:14