Esch ouni Problemer zu Dikrech, Käerjeng wënnt zu Diddeleng

Um 6. Spilldag huet sech Esch kloer zu Dikrech duerchgesat an Diddeleng muss sech géint Käerjeng geschloe ginn.
Hären-Handball
Titelgrupp
Diddeleng - Käerjeng 28:33
E Samschdeg war Käerjeng zu Diddeleng gefuerdert fir déi zweete Plaz an der Tabell weiderhin ze halen. D'Gäscht hu gutt an de Match fonnt a waren ocg déi méi aktiv Ekipp, sou dass ee sech tëschenzäitlech e Virsprong vun 8 Goler erausspille konnt. Den HB Diddeleng huet sech schwéier gedoen, konnt de Réckstand bis d'Paus awer op 5 Goler verkierzen, sou dass déi éischt 30 Minutte mat 13:18 op en Enn gaange sinn. Dësen Ofstand huet sech dann och bis zum Schluss sou gehalen, sou dass Diddeleng sech mat 28:33 géint Käerjeng muss geschloe ginn.
Chev Dikrech - HB Esch 19:33
Den HB Esch, deen als klore Favorit an de Match gaangen ass, huet zu Dikrech näischt ubrenne gelooss. Vun Ufank u war den Tabelleleader déi besser Ekipp, sou dass et an der Paus schonn 9:19 fir d'Gäscht vun Esch stoung. Och an der zweeter Hallschent hunn déi Escher dominéiert an de Virsprong souguer nach vergréissert, sou dass een zum Schluss eng 19:33 Victoire feiere kann. An der Tabell huet den HB Esch elo
Relegatioun
Réiden - Schëffleng 21:40
Standard - Péiteng 24:36
Museldall - Miersch (19h15)
Dammen-Handball
Titelgrupp
Museldall - Chev Dikrech 22:32
Fir Dikrech ass et um Samschdeg drëms gaangen d'Ekipp vum Museldall op Ofstand ze halen an déi zweet Plaz ze festegen. Ganz no Plang ass d'Ufanksphas awer net verlaf. D'Lokalekipp war déi éischt Minutten gutt an de Match komm. Ma dat ass awer net laang sou bliwwen a sou huet sech ëmmer méi gewise wien déi besser Ekipp um Terrain ass. Zum Schluss wënnt de Gaascht vun Dikrech de Match kloer mat 22:32 a bleift domat mat 19.5 Punkten op der 2. Plaz an der Tabell.
Schëffleng - Diddeleng 18:30
Diddeleng huet sech zu Schëffleng näischt huele gelooss a wënnt kloer mat 18:30.