Dëse Weekend huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp direkt zwee Frëndschaftsmatcher géint d'USA gespillt.

E Samschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp am Handball an engem Frëndschaftsmatch mat 29:30 géint d'USA verluer. An der Paus loungen d'Lëtzebuergerinnen nach mat 13:11 a Féierung.

Den éischte Match gouf e Freideg den Owend um 19 Auer ugepaff. An do sinn d'Dammen aus den USA e bësse besser an de Match komm a konnten esou déi éischt Hallschent knapp mat 13:12 fir sech entscheeden.

Selwecht Resultat, just dëst d'Kéier fir d'Rout Léiwinnen, gouf et an der zweeter Hallschent, esou datt zum Schluss sech béid Formatiounen mat 25:25 getrennt hunn.