Duerch d'32:25-Victoire behalen déi Bierchemer, aktuell op der 5. Plaz, d'Chance op déi europäesch Plazen.

Europäesch si jo d'Plazen 1 bis 4.

Bei der Partie Bierchem-Red Boys huet et sech ëm en Nodrosmatch vum 6. Spilldag gehandelt.

Déi Déifferdenger konnten d'Méiglechkeet also net notzen, bis op en hallwe Punkt un den Tabellenzweete Käerjeng erunzekommen.

Schonn an der Paus waren déi Bierchemer 16 zu 7 vir.