An der Axa League huet Käerjeng en Donneschdeg den Owend fir de Kont vum 6. Spilldag am Titelgrupp mat 42 op 14 géint de Standard gewonnen.

D'Victoire vun de Käerjenger Damme war en Donneschdeg den Owend beim Standard zu kengem Ament a Gefor. Vun Ufank un huet den Tabelleleader de Match an d'Hand geholl an esou stoung et no 12 Minutte schonn 10:3. Bis d'Paus hunn d'Gäscht de Virsprong ëmmer weider ausgebaut, sou datt ee mat enger Avance vun 11 Goler beim Stand vun 20:9 an d'Paus gaangen ass.

No der Paus war et dat nämlech Bild a Käerjeng huet de Match weider dominéiert. No 45 Minutten stoung et 32:13 aus Siicht vun de Käerjengerinnen. Bis déi lescht Sekonn ass de Virsprong Gol ëm Gol gewuess an esou huet Käerjeng sech um Enn mat 42:14 beim Standard behaapt. Déi meeschte Goler fir d'Lokalekipp huet d'Ewa Dominiak markéiert, op der Säit vun de Gäscht war et d'Jil Weintzen.

An der Tabell huet Käerjeng 4 Spilldeeg viru Schluss e Virsprong vu 6,5 Punkten op de Chev Dikrech. Käerjeng steet deemno kuerz virum Doublé. Am Mäerz hat ee sech nämlech géint Dikrech schonn d'Coupe geséchert.