Esch séchert sech mat Victoire de Championstitel
Bei den Dammen ass Käerjeng no der Victoire géint Schëffleng neie Champion.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 7. Spilldag vum Titelgrupp. No der Victoire vun Esch géint Diddeleng an der gläichzäiteger Néierlag vu Käerjeng géint Bierchem, sinn déi Escher neie Champion an huelen fir déi 3. kéier an der Veräinsgeschicht den Doublé.
Och bei den Dammen gouf fréizäiteg de Championnat entscheet an hei ass et Käerjeng déi sech iwwert de Championstitel freeë kënnen.
Hären-Handball
Käerjeng - Bierchem 26:28
An der Mëtt vun der éischter Halschent war et de Bierchemer gelongen sech e klengen Ecart erauszespillen an dës Féierung dono och ze verteidegen. Mee Käerjeng huet de Réckstand awer ëmmer a Grenze gehalen sou dat et mat engem 11:14 an d'Paus gaangen ass. Käerjeng ass och no der Paus ëmmer dem Réckstand hannendru gelaf an hunn et ni gepackt opzehuelen sou dat déi Bierchemer gewanne konnten. No dëser Néierlag ass et de Käerjenger net méi méiglech Esch an der Tabell anzehuelen.
Esch - Diddeleng 24:23
An der éischter Halschent war et e ganz enke Match an deem Diddeleng besser gestart an a Féierung war mee ab der 12. Minutt haten déi Escher de Match gedréint an hu bis an d'Paus d'Féierung net méi hir ginn. D'Gäscht sinn awer bësseg bliwwen sou dat et mat engem 14:12 fir Esch an d'Paus gaangen ass. An der zweeter Halschent war et eng immens spannend Partie fir d'Spectateuren wëll déi Diddelenger hunn den Escher alles ofverlaangt mee déi Escher konnten hir Féierung verdeedegen a si mat dëser 24:23 Victoire fréizäiteg neie Champion. Et ass den 3ten Doublé an der Veräinsgeschicht.
FOTOE vun Esch-Diddeleng op pressphoto.rtl.lu.
Red Boys - CHEV Dikrech 39:31
Dikrech war immens gutt an de Match gestart an hunn déi Déifferdenger viru vill Problemer gestallt. Eréischt no 23 Minutten konnten d'Red Boys de Match dréinen an hunn ab deem Moment de Gäscht och keng Chance méi gelooss a sinn dovu gezunn sou dat et an der Paus 19:16 fir Déifferdeng stoung. No der Paus hunn se dëse Virsprong dann ëmmer weider ausgebaut a gewannen schlussendlech souverän mat 39:31.
Häre-Playdown:
Miersch - Réiden 46:24
Museldall - Péiteng 28:32
Dammen-Handball
Käerjeng - Schëffleng 29:12
Guer keng Problemer hat Käerjeng mat Schëffleng an ass no dëser Victoire schonn 3 Spilldeeg viru Schluss Champion. Fir déi aner ass et net méi méiglech Käerjeng anzehuelen. Schonn an der Paus stoung et 17:7 an hate soumat iwwert de ganze Match guer keng Problemer mat de Gäscht.
CHEV Dikrech - Standard 32:13
Och Dikrech konnt ganz kloer gewannen wat hinnen awer net immens vill gehollef huet wëll Käerjeng eben och gewanne konnt an d'Lutte ëm de Championstitel soumat gefall ass. Och hei war de Match mat engem 14:6 an der Paus schonn entscheet an der 2. Halschent konnten se de Virsprong dann nach eng kéier däitlech ausbauen.
Diddeleng - Museldall 27:23
Bësse méi enk war et dann awer am Match tëscht Diddeleng an dem Museldall. Diddeleng war ausser ganz am Ufank zwar ëmmer am Avantage mee huet awer misse kämpfen wëll déi Museldaller hu sech ni opginn. Zum Schluss vum Match koumen d'Gäscht och nach eng kéier bis op 2 Goler erun mee kuerz drop huet Diddeleng den Ecart nees ausgebaut a soumat de Match entscheet.