Bei den Dammen krut Käerjeng um Samschdeg d'Coupe fir de Meeschtertitel iwwerreecht.

Um 9. Spilldag an der Titelgrupp bei den Hären ass nach keng Decisioun ëm d'Plazen an der Coupe d'Europe gefall. Käerjeng, d'Red Boys a Bierchem kämpfen ëm déi 2. an 3. Plaz an der Tabell fir nächst Joer international ze spillen.

Hären-Handball

Diddeleng - Bierchem 28:30

Eng richteg enk a spannend Partie kruten d'Spectateuren zu Diddeleng ze gesinn. Just an der éischter Halschent hat Bierchem eng kéier fiedere gelooss an Diddeleng konnt sech en Ecart vu 4 Goler erausspillen. Mee dëst huet Bierchem nach kuerz virun der Paus korrigéiert an ass nees bis op 1 Gol erukomm (15:14). No der Paus ass Bierchem da weider ganz gëfteg bliwwen an no 48 Minutten haten se de Match gedréint an du stoung et 22:23. Och dono huet Bierchem weider resistéiert a gewënnt dann och mat 30:28.

Esch - Red Boys 32:30

Esch wënnt de Match doheem géint d'Red Boys
E Samschdeg den Owend hu sech Esch an d'Red Boys näischt geschenkt.

Béid Ekippen hu sech am Ufank näischt geschenkt mee 5 Minutten virun der Paus huet Esch den Tempo ugezunn an esou sinn déi Escher mat engem Virsprong vu 5 Goler (18:13) an d'Paus gaangen. An den zweeten 30 Minutten hunn d'Red Boys awer nach eng kéier alles investéiert fir den Escher d'Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen a selwer nach eng Victoire anzeféieren. 8 Minutte viru Schluss haten se dann nach just 1 Gol Réckstand a ware kuerz virdrun de Match ze dréinen. Schlussendlech ass dëst hinnen awer net gelongen an Esch wënnt mat 32:30

RTL

© Serge Olmo

Käerjeng - Dikrech 36:27

Schonn direkt am Ufank vum Match konnt sech Käerjeng e Virsprong erausspillen an haten den Dikrecher net vill Chance gelooss. Sou ass et schonn mat engem 21:15 an d'Paus gaangen. Och no der Paus konnt d'Heemekipp de Virsprong weider ausbauen sou dat se den Dikrecher ni eng Chance gelooss hunn.

Dammen-Handball

Käerjeng - Dikrech 22:22

Déi Käerjenger sinn io schonn ganz däitlech Champion a loossen et elo zum Schluss vun der Saison dann och e bësse méi roueg ugoen, gewannen mol eng kéier net a spillen 22:22 géint Dikrech. Bescht Scorerin bei Käerjeng war d'Andreea-Alina Marin mat 10 Goler.

Schëffleng - Museldall 28:23

Am Ufank vum Match konnt Museldall zimlech gutt mathalen a waren no 21 Minutten mat 11:10 a Féierung. Dono huet Schëffleng awer den Tempo ugezunn ass dovu gezunn an esou ass et mat engem 17:12 an d'Paus gaangen. Och no der Paus hunn se dann näischt méi ubrenne gelooss a gewannen mat 28:23.

Diddeleng - Standard 34:15

En net sou spannenden a ganz eesäitege Match kruten d'Spectateuren zu Diddeleng ze gesinn an deem et schonn an der Paus 19:8 stoung. Och no der Paus hunn se hir Féierung weider ausgebaut a gewannen ganz souverän mat 34:15. Bei den Diddelenger waren déi bescht Scorerinnen d'Fiona Carrara mat 8 an Sharon Dickes mat 7 Goler.

Alleguer d'Resultater am Iwwerbléck