Mat 5 Joer huet hien zu Diddeleng ugefaangen mat Handball spillen. Lo 22 Joer méi spéit, verléisst den Tommy Wirtz den HBD an Direktioun Däitschland.

Hie wiesselt bei den HG Saarlouis an d'drëtt Bundesliga. Um RTL-Mikro huet hie gesot en hätt an de leschte Jore scho méi dacks Offeren aus dem Ausland kritt, ma e wollt ni seng Uni opginn. E wéist, dass en herno net mat Handball wäert seng Sue verdéngen. Wann e säin Uni-Ofschloss elo gemaach huet, dann ass e Schoulmeeschter an da wier säi Liewe gemaach. Elo wou e fäerdeg ass, plus en huet eng Offer war seng Iwwerleeung: elo oder ni. Wann en déi Chance elo net géif notzen, géif en dat spéider bereien. Schonn als klenge Bouf wollt hien ëmmer emol an d'Ausland Handball spille goen. Elo ass et also esou wäit.

AUDIO: Den Tommy Wirtz

De leschte Weekend hat den Tommy Wirtz elo säi leschten Heemmatch zu Diddeleng. E Samschdeg sinn et dann op sengem 27. Gebuertsdag, bis op Weideres, déi lescht 60 Minutten am Dress vum HBD.

Déi 1 Meter 90 grouss lénks Band, huet mat der Ekipp aus der Forge du Sud 3 Championstitele gefeiert an eemol d'Coupe gewonnen.