Um leschte Spilldag am Titelgrupp vun der Axa League hunn d'Damme vu Käerjeng 28:26 géint Diddeleng gewonnen.

Déi Käerjengerinnen hate sech schonn e puer Deeg virum leschte Spilldag den Titel am nationalen Dammen-Handball geséchert. Zum Schluss gouf et nach eng Kéier eng 28:26-Victoire géint Diddeleng, sou datt si um Enn mat 33 Punkten un der Spëtzt sinn. Op de Plazen hannendrunner kommen Diddeleng an Dikrech mat jee 24,5 Punkten.

Donieft huet um Sonndeg nach de Museldall kloer mat 23:13 géint de Standard gewonnen.

E Samschdeg schonn hat sech de Chev Dikrech mat 34:18 géint Schëffleng behaapt.