Futtball
Et ass offiziell, den Dino Toppmöller gëtt Trainer zu Virton

© Facebook / Royal Excelsior Virton
Den däitschen Trainer vum F91 Diddeleng hat no der Coupe-Victoire ugekënnegt de Veräin ze verloossen. Elo ass dann och gewosst wouhin... nämlech op Virton.
Dat gouf um Freideg de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Nieft dem Trainer Toppmöller, wiesselen och nach den Nationalspiller Kevin Malget (F91 Diddeleng), de Filip Bojic (Titus Péiteng) an de Marwana Benamra (US Munneref) bei de Veräin, deen déi nächst Saison an der zweethéchster belscher Divisioun spillt.
Am meeschte gelies