Am Handball wiesselt den fréieren Nationalgolkipp, Nationaltrainer a bis dës Saison nach Dammentrainer vum HB Diddeleng de Veräin.

Den Heng Mauruschatt trainéiert déi nächst Saison also d'Damme vum Handball Esch.

D’Escherinnen hu virun e puer Wochen den Opstig gepackt a spillen an der neier Saison fir d‘éischt iwwerhaapt an der Nationaldivisioun vun den Dammen.