Handball
Jacques Tironzelli verléisst Käerjeng a wiesselt bei Team HandbALL

© www.team-all.de
Den 20 Joer ale Lëtzebuerger verléisst de Lëtzebuerger Championnat a wäert an Zukunft virun däitschem Public spillen.
D'Team HandbALL representéiert d'Stied Augustdorf, Lemgo a Lippe. De Lénkshänner huet e Kontrakt vun zwee Joer ënnerschriwwen.
De Jacques Tironzelli wäert awer wuel eréischt vun Ufank 2020 u ganz beim Veräin matmaachen, well hie vu September u 4 Méint op den Härebierg geet.
Am meeschte gelies