E Samschdeg de Moie war zu Käerjeng den ordinäre Kongress vun der Handballfederatioun. Et war e rouege Kongress mat wéineg brisante Punkten.

Déi finanziell Situatioun ass stabel an allgemeng gouf vun engem positive Joer geschwat op sportlechem Plang.

De Sportsminister Dan Kersch huet ënner anerem matgedeelt, datt international d’Demarche géife lafen, an dass et net schlecht ausgesäit, fir den Handball vläicht 2023 erëmzefannen um Programm vun de Spiller vun de klenge Länner.

Vläicht kéint ee schonn 2021 zu Andorra mat engem inoffiziellen Handballtournoi rechnen.

Ganz konkret war um Samschdeg de Moien d’Opnam vun engem neie Veräin an d'Federatioun, an zwar dem HB Bartreng.