Den F91 Diddeleng spillt den Owend an der zweeter Ronn vun der Europa League Qualifikatioun géint Shkendija aus Nord-Mazedonien.

Dat nodeems den F91 lescht Woch an der Championsleague-Qualifikatioun dem FC Valletta ënnerleeën war.

De Match gëtt um 17h55 den Owend zu Skopje ugepaff. De Retourmatch gëtt den nächsten Dënschdeg am Stade Josy Barthel gespillt.

Sollt den F91 géint Shkendija weiderkommen, kéint den nächste Géigner am drëtten Tour vun der Europa-League Celtic Glasgow heeschen, oder Nömme Kalju aus Estland.