Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBrighton gewënnt géint Arsenal, 2:2 tëscht Roum an Inter

RTL Lëtzebuerg
Donieft verléiert Tottenham Hotspur 2:3 géint Aston Villa a Barcelona feiert zu Sevilla déi nächst Victoire.
Brighton's Swedish midfielder #26 Yasin Ayari controls the ball during the English Premier League football match between Brighton and Hove Albion and Arsenal at the American Express Community Stadium in Brighton, southern England on September 19, 2026. (Photo by Glyn KIRK / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
Um 5. Spilldag sollt et déi 1. Néierlag fir Arsenal London ginn.
© AFP

An der Bundesliga war et iwwerdeems d'Suite vum 4. Spilldag. Hei goufen et Victoirë fir den HSV, Bremen a Mainz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.

Donieft waren och e puer Lëtzebuerger Futtballer am Asaz, ënner anerem den Hamza Kadamani bei Metz.

Premier League

Tottenham Hotspur - Aston Villa 2:3
0:1 Manzambi (45+4'), 0:2 Jackso (67'), 0:3 Buendia (79'), 1:3 Gallagher (86'), 2:3 van Hecke (90+8')

Tottenham bleift och no 5 Spilldeeg weider ouni Victoire. D'Spurs, déi eng gutt éischt Hallschent gespillt hunn awer d'Effizienz virum Gol vermësse gelooss hunn, verléiere virun eegenem Public mat 2:3 a sti mat 2 Punkte weider déif am Tabellekeller vun der Premier League. Aston Villa hunn iwwerdeems hiren éischte Match an dëser Saison konnte wannen. Bis zu 86. Minutt huet et no enger däitlecher Victoire fir d'Gäscht ausgesinn, louch een dach no de Goler vum Manzambi, Jackson a Buendia mat 3:0 a Féierung. An der Schlussphas hu Gallagher an van Hecke et wuel nach eng Kéier spannend gemaach, fir 1 Punkt sollt et awer aus der Siicht vun Tottenham net méi duergoen.

Brighton - FC Arsenal 3:0
1:0 Gross (31'), 2:0 Kostoulas (45'), 3:0 Andres (57')

Brighton setzt sech méi wéi verdéngt mat 3:0 géint Arsenal duerch a steet an der Tabell elo nëmmen nach 2 Punkten hannert de Gunners op der 3. Plaz. Arsenal war mat 0:3 wuel nach gutt bedéngt. De Raya huet am Gol vun de Gunners weider Géigegoler verhënnert. D'Ekipp vum Trainer Mikel Arteta huet e midden Androck gemaach a war um Samschdeg definitiv net op der Héicht, fir dëse Match ze wannen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Udinese - Cagliari 0:1
0:1 Maldini (54')

AS Roum - Inter Mailand 2:2
1:0 Koné (6'), 2:0 Koné (37'), 2:1 Martinez (46'), 2:2 Martinez (79')

Béid Ekippe ware bis ewell nach ouni Punkteverloscht, ma dat sollt sech e Samschden änneren. D'Réimer haten en excellente Start an de Match erwëscht a louche scho fréi duerch de Koné a Féierung. No engem weidere Gol vum Fransous ass et mat 2:0 an d'Paus gaangen an Inter stoung, wéi scho virun zwou Woche géint Neapel, virun der éischter Liga-Defaite zanter Mäerz. Ma de Champion war nom Säitewiessel déi besser Ekipp a konnt sech op en Neits op säi Kapitän Martinez verloossen, deen den Nerazzurri mat zwee Goler nach ee Punkt gerett huet. No 5 Spilldeeg stinn déi zwee Veräiner domat weiderhi punktgläich un der Tabellespëtzt.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

FC Paris - Racing Stroossbuerg 2:1
1:0 Kebbal (18'), 2:0 Pagis (57'), 2:1 Mbow (88', Selbstgol)

Olympique Lyon - Stade Rennes 4:0
1:0 Nuamah (7'), 2:0 Nuamah (30'), 3:0 Athekame (49'), 4:0 Tolisso (76')

Am Duell tëscht deenen zwee Europa-League-Participante war Lyon vun Ufank un déi méi geféierlech Ekipp a gewënnt um Enn däitlech mat 4:0. Domat bleiwen d'Haushären an der Ligue 1 ongeschloen a sprange fir den Ament op déi 2. Tabelleplaz. Fir Rennes ass et déi éischt Defaite vun der Saison, soudass si trotz dësem Resultat op Plaz 5 an d'Lännermatchpaus ginn.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Athletic Bilbao 0:0 Deportivo Alavés

FC Sevilla - FC Barcelona 1:3
1:0 Fofana (19'), 1:1 Raphinha (22'), 1:2 Raphinha (52'), 1:3 Raphinha (69')

Sevilla huet der Offensiv vu Barcelona d'Liewe schwéier gemaach a konnt no 19 Minutten duerch de Fofana souguer a Féierung goen. D'Äntwert vun de Katalanen huet net laang op sech waarde gelooss, ma och an der Suite huet d'Lokalekipp weider gutt dogéint gehalen. No der Paus war et dunn nees de Kapitän Raphinha, deen zweemol vum Yamal an Zeen gesat gouf a Barça mat engem Hattrick déi 3 Punkte geséchert huet. D'Ekipp vum Hansi Flick ass deemno weiderhin net ze stoppen a bleift ouni Punktverloscht Tabelleleader. Iwwerdeems war et e Samschdeg och d'Nouvelle, dass d'Katalanen den Ex-FLF-Jugendspiller Dany Freire verflichten.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO