Keng Victoire vir Lëtzebuerg am Davis Cup an der Europa Afrika Grupp 3. Och den drëtte Match huet d'FLT-Formatioun mat 0:3 géint Polen verluer.

Virun dëser Partie war allerdéngs scho kloer, dass si e Samschdeg géint den Ofstig an d'Europazone IV géife spillen. Dëse Géigner steet och mëttlerweil fest an heescht Montenegro.