Kann den HB Esch den Doublé widderhuelen?

© pressphoto (Archiv)
De Serge Olmo an de Gilles Tricca hunn déi verschidde Veräiner an der Axa League méi genee ënnert d'Lupp geholl.
E Freideg den Owend ass et esou wäit fir d'Supporter vum Handball. D'Saison 2019-2020 fänkt un an dat mat der Partie Red Boys Déifferdeng géint Diddeleng. Den Handball Esch war déi lescht Saison richteg dominant. Déi Escher haten nämlech den Doublé fäerdeg bruecht. Och dës Saison ass natierlech mam Escher Fusiounsveräin ze rechnen.
Den Handball Esch ass weider Titelfavorit oder op d'mannst Matfavorit. Et hu wichteg Elementer de Club verlooss. An der Coupe d'Europe huet ee gesinn, datt déi nei Leit sech scho ganz gutt integréiert hunn. Et sinn dat den erfuere Kipper Costa Figueira an d'Réckraumspiller Martin Petiot a Miha Pucnik. De Kapitän Christian Bock kuckt op alle Fall positiv an d'Saison.
D'Red Boys Déifferdeng, déi déi lescht Saison déi 2. goufen, hunn een exzellente Kader. D'Red Boys hunn och verdéngt de Supercup géint Esch gewonnen. Den neie franséischen Trainer Sylvain Brosse muss de grousse Kader geréieren. Dem Nationalspiller Dan Scheid ass op alle Fall optimistesch, datt dat wäert klappen.
Bei deene Käerjenger gouf et keng Revolutioun just geziilte Changementer. Den HB Käerjeng huet eng zolidd Formatioun wou och lues a lues jonk Elementer wäerten agebaut ginn. Den Eric Schroeder ass sech bewosst, datt et schwéier wäert gi ganz uewe matzespillen a mat Esch an Déifferdeng matzehalen.
Am Réiserbann ass dës Saison zanter laange Jore keng Coupe d'Europe ugesot. Kontinuitéit ass awer beim HC Bierchem um Programm an zwar ass dat virun allem d'Jugendaarbecht dëst och mam neie franséischen Trainer Alexandre Scheubel.
Fir datt déi Bierchemer uewen eng Roll spillen, mussen si vu Verletzunge verschount bleiwen, wat déi lescht Saison net de Fall war.
Beim Coupefinalist Diddeleng ass d'Zil kloer. E bessert Klassement wéi d'lescht Joer a virun allem nees am Fina4 vun der Coupe de Luxembourg ze stoen. Dofir muss awer emol den Depart vum Tommy Wirtz op Saarlouis verkraaft ginn. Hie war net nëmmen ee vun de beschte Spiller an der Liga, mä och eng Ikon beim HBD. Den Trainer Nikola Malesevic kuckt awer positiv no vir och wann de Kader eng aner Nues huet wéi d'lescht Saison. Nieft dem Mikkel Molitor sinn nach weider nei Spiller gefuerdert.
D'lescht Saison huet de Chev Dikrech et bis an de Playoff gepackt an och phaseweis staark Matcher gespillt. Dës Saison wëllen de Jerome Duhr a Co och nees dohinner obwuel eng Réi wichteg Spiller wéi zum Beispill de Peter Ostrihon de Veräin verlooss hunn.
Fir déi zwou Formatiounen, déi d'lescht Saison de Playdown hu misse spillen, schéngt et och 2019/2020 schwéier ze ginn, e bessert Klassement z'erreechen. Zu Péiteng hu se ëmmer nach e ganz dënne Kader, obwuel eng Partie Spiller konnte rekrutéiert ginn. Vun den neien huet awer keen Erfarung um héchsten Niveau. Deemno mussen déi Péitenger sech nees op eng komplizéiert Saison astellen.
Zu Schëffleng gëtt ënner anerem op jonk Spiller gesat, déi bei anere Veräiner kaum Spillpraxis kruten. Ob hire Wëllen an hiert Engagement elo duer geet, fir op déi 6. Plaz ze kommen, ass éischter onwahrscheinlech. Mä als Underdog kann een heiansdo iwwert sech erauswuessen a vläicht geléngt dat engem vu béiden Traditiounsveräiner.
Och bei den Damme geet d'Saison dëse Weekend un mat e Samschdeg där éischter Partie tëscht dem Museldall an dem Standard.