Fir de Kont vum 1. Spilldag an der Axa League hunn d'Red Boys Déifferdeng e Freideg den Owend mat 35:24 géint den HBD gewonnen.

AUDIO: Resumé Red Boys-HB Dideleng / Reportage Serge Olmo

D'Red Boys, déi e groussen a staarke Kader hunn, hunn dem HB Diddeleng e Freideg den Owend um 1. Spilldag an der Axa League keng Chance gelooss a sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn. Um stoung et fir d'Lokalekipp 35:24.

Déi Diddelenger hu ronn eng Véierelsstonn matgehalen. De Rekordchampion aus der Forge du Sud ass du lues a lues quasi net méi duerch déi zolidd Déifferdenger Defense komm a wann, da war de Kipper Mikkel Moldrup eng Bank tëscht de Pottoen. Bis d'Paus hat hien 10 Parade fäerdeg bruecht. D'Resultat war däitlech 17:8 zu Gonschte vun de Red Boys. Den HB Diddeleng hat deemno just 8 Mol markéiert, dat ass enttäuschend.

No enger Dräivéierelsstonn waren déi Rout 12 Goler vir, ouni mussen op hirem Maximum ze spillen an et hat een d'Gefill, datt béid Trainer hire Kader an der Schlussphas komplett dréie gelooss hunn. No 60 Minutten sinn d'Red Boys mat 35:24 als verdéngte Gewënner vum Terrain gaangen.

D'Red Boys hunn e Freideg dat confirméiert wat een erwaart huet, géint e Géigner deen de Saisonoptakt ratéiert huet.

Déi bescht Marqueure war déi Déifferdenger Yann Hoffmann a Senjin Kratovic mat 6 Goler.

D'Red Boys loossen dem HB Dideleng keng Chance
Fir de Kont vum 1. Spilldag an der Axa League hunn d'Red Boys Déifferdeng e Freideg den Owend mat 35:24 géint den HBD gewonnen.