D'Spurs hunn auswäerts bei Leicester City missten eng 1:2-Defaite astiechen a ManCity huet Watford mat engem 8:0-Succès iwwerrannt.

Premier League

Leicester - Tottenham 2:1
1:0 Kane (29'), 1:1 Ricardo Pereira (69'), 2:1 Maddison (85')

De Virjoresfinalist vun der Champions League huet iwwerraschend zu Leicester City verluer. D'Spurs waren no den éischte 45 duerch de Kane mat 1:0 a Féierung. D'Foxes hunn awer an der 2. Hallschecht duerch de Ricardo Pereira a schliisslech duerch de Maddison d'Partie zu hire Gonschte gedréint. Kuriéis waren zwee VAR-Agrëffer: béid Ekippe kruten zwee Goler oferkannt.

ManCity - Watford 8:0

Den Titelverdeedeger vu ManCity krut um Samschdeg Besuch vu Watford. D'Citizens ware schonn no 18 Minutte mat 5:0 am Avantage. Domat war d'Richtung vum Match scho virginn. An der 2. Hallschecht huet de Silva der nach 2 drop gesat an den De Bruyne huet mat sengem Gol 5 Minutte viru Schluss alles kloer gemaach.

Ligue 1

Marseille - Montpellier 1:1
1:0 Sarr (17'), 1:1 Germain (74')

Denkbar schlecht ass OM virum eegene Public mat engem Selbstgol vum Sarr an der 17. Minutt gestart. Mat engem 0:1-Réckstand ass Marseille dunn och an d'Paus gaangen. Ronn eng Véierelstonn viru Schluss huet OM, an enger ganz hëtzeger Partie mat am Ganzen 3 roude Kaarten, duerch de Germain ausgeglach a Marseille am Südduell géint Montpellier op d'mannst ee Punkt geséchert.

© afp

Metz - Amiens 1:2
1:0 Guirassy (39'), 2:0 Dibassy (54'), 2:1 Diallo (68')

Den FC Metz stoung géint den direkte Konkurrent vun Amiens ëner Drock a wollt u sech déi 3 Punkten un der Lorraine halen. Den Ex-Kölner Guirassy huet d'Gäscht awer kuerz virun der Paus a Féierung bruecht an de Dibassy huet kuerz duerno op 2:0 erhéicht. Am Stade Saint-Symphorien konnt Metz just nach den Uschlosstreffer vum Diallo feieren, huet sech awer misse mat 1:2 geschloe ginn.

Serie A

Juventus - Hellas Verona 2:1
1:0 Veloso (21'), 1:1 Ramsey (31'), 2:1 Ronaldo (49')

Mat Hellas Verona hat d'Juve u sech eng machbar Aufgab virun der Broscht. Ma d'Bianconeri kruten awer an der 20. Minutt een Eelefter géint sech gepaff, deen awer net era goung. Dat war awer net weider schlëmm, well just eng Minutt drop de Veloso den Underdog a Féierung bruecht huet. No knapp enger hallwer Stonn huet de Ramsey du fir déi Al Damm ausgeglach, soudatt den Arbitter La Penna béid Formatiounen mat engem 1:1 an d'Kabinne geschéckt huet. No der Paus huet de Ronaldo de Favorit op Eelefter an Avantage bruecht an domat de Match fir d'Juve gedréint.

© afp

Milan - Inter 0:2
1:0 Brozovic (49'), 2:0 Lukaku (78')

Am San Siro stounge sech e Samschdeg fir de sougenannten "Derby della Madonnina" Milan an Inter géigeniwwer. D'Partie tëscht de Stad-Rivalen goung mat engem 0:0 no 45 Minutten op en Enn. Kuerz no der Paus konnten d'Nerazzurri de Score mam 1:0 vum Brozovic opmaachen. 12 Minutte vir Schluss huet de Lukaku, déi nei Recrue vu ManUnited, dunn nach een drop gesat an de Match virentscheet. Milan konnt net méi reagéieren an huet eng 0:2-Defaite agestach.

La Liga

Atlético Madrid - Celta Vigo 0:0

Am Wanda Metropolitano zu Madrid war Atlético géint den Underdog vu Celta Vigo gefuerdert. D'Ekipp ronderëm de portugisesche Superstar Joao Felix koum awer doheem net iwwer een 0:0-Gläichspill eraus.

Granada - Barcelona 2:0
1:0 Azeez (2'), 2:0 Vadillo (65.)