E Mëttwoch den Owend stoungen am nationalen Handbäll-Championnat 2 Partië bei den Hären an 1 bei den Dammen um Programm.

Bei den Häre gouf et am Spëtzematch eng Victoire fir den HB Esch géint Bierchem an d'Red Boys iwwerrenne Schëffleng mat 42:14. Bei den Dammen hat Käerjeng keng Problemer géint d'Ekipp vun Esch.

Hären

HC Bierchem - HB Esch 26:31

Nodeems déi éischt 10 Minutte relativ ausgeglach waren huet den HB Esch dono awer den Niveau erhéicht an esou konnte si sech bis zur Paus eng Avance vu 7 Goler erausspillen an esou stoung et no 30 Minutten 16:9 fir déi Escher. No der Paus konnt Bierchem dunn nees besser mathalen a si konnten hire Réckstand esouguer op 4 Goler reduzéieren, ier Esch dunn awer nees dovunzéie konnt. Um Enn wannen d'Gäscht mat 31:26.

Red Boys Déifferdeng - HBC Schëffleng 42:14

D'Red Boys Déifferdeng hunn e Mëttwoch hir staark Form confirméiert an dat géint de Géigner vu Schëffleng. An der éischter Hallschent hunn d'Red Boys richteg opgedréint a waren an der Paus schonns mat 20:7 vir. An der zweeter Hallschent hunn d'Red Boys nach eemol e Gank eropgeschalt an domat wanne si 42:14 ee Géigner, deen zu kengem Zäitpunkt eng Chance hat.

Resultater

Dammen

HB Käerjeng - HB Esch 36:10

Zu Käerjeng um Dribbel gouf et e Mëttwoch den Owend eng ganz kloer Affär, do haten d'Damme vu Käerjeng nämlech absolut keng Problemer mam Géigner vun Esch. Schonns an der Paus louch den HB Käerjeng mat 19:5 am Avantage. An der zweeter Hallschent huet Käerjeng et e bësse méi lues ugoe gelooss, mä um Enn wanne si dach däitlech mat 36:10.