De leschte Weekend iwwer war d'Journée des récompenses vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun.

An dësem Kontext ginn all Joers déi beschten Athlete vun der FLNS fir hir gutt Performancë geéiert.

Mat dobäi war och ënnert anerem de Sprinter Julien Henx. De Fränz Schneiders huet sech mam Sportzaldot iwwert déi leschte Saison an d'Ziler fir déi nei Saison ënnerhalen.

Nei Saison fir de Julien Henx/Rep. Jean-François Schneiders

Déi beschte Lëtzebuerger Schwëmmer live ze gesi bei der Journée des récompenses an och nach kënnen een Autogramm vun den Top-Athlete Raphaël Stacchiotti oder Julien Henx ze kréien, dat war dat neit Konzept vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun, fir déi beschte Leeschtungen aus der vergaangener Saison ze éieren.

Eng Iddi, déi dem Julien Henx gutt gefall huet: "Et war eng flott Ambiance op der Journée des Récompenses vun der FLNS. Dat neit Konzept, dem Public kënnen Autogrammen ze ginn, ass gutt ukomm."

Bei den Häre konnt de Raphaël Stacchiotti déi meeschte Punkte sammelen, dat virum Pit Brandenburger an dem Julien Henx. Déi leschte Saison war fir de Julien Henx dann och net ëmmer ganz einfach. Lescht Saison war déi schwéierst bis elo, mat der Schëller-Blessur a kierperleche Problemer war de Sportzaldot geplot, ganz zefridde war de Julien Henx dann awer mam Titel op de franséische Meeschterschaften um 50 meter Papillon.

Den Highlight fir de 24 Joer jonke Schwëmmer war dann awer d'Weltmeeschterschaft dëse Summer. Op der WM konnt de Julien Henx eng nei perséinlech Beschtzäit an een neie Lëtzebuerger Rekord realiséieren.

Fir d'nächst Joer huet de Julien Henx säi grousst Zil dann och schonn an d'A gefaast. "Dat grousst Ziel bleift Olympia 2020, bis elo leeft den Training och ganz positiv.", betount de Julien Henx.

Och wann dem Sportzaldot haut nach e bësse méi wéi eng hallef Sekonn op de 50 Meter Crawl feelen, fir sech ze qualifizéieren, sou bleift de Julien Henx awer optimistesch.

Déi nächsten 10 Méint ginn entscheedend fir de Julien Henx, de Sportler wëll dann awer déi nächste Méint dës Etapp genéissen a sech net all ze vill Drock maachen.

De Julien Henx weess dann och, wou nach musse Progrèse gemaach ginn, fir sech weider ze verbesseren, esou muss déi 2. Hallschent vu senge Coursse verbessert ginn, fir den Tempo ze halen.

Och um mentale Plang huet de Julien Henx déi leschte Méint vill geschafft. De Mental-Trainer huet de Julien Henx rassuréiert, säi Wee ze goen, um Enn muss een ofwaarden, wat erauskënnt.

D'Form gëtt dann a ronn 1 Woch um Weltcup zu Berlin fir déi éischte Kéier an dëser Saison getest.