Eng RTL-Ekipp huet dem President Gérard Lopez beim Match tëscht Lille an Chelsea iwwert d'Schëllere gekuckt.

Den 2. Oktober war e groussen Owend fir Lille. Dem Veräin aus der Ligue 1 a Frankräich stoung no laanger Zäit emol nees een internationale Géigner géigeniwwer.

Um 2. Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas huet d'Ekipp vum President Gérard Lopez doheem géint Chelsea gespillt. Fir de Lëtzebuerger war dëse Match eppes ganz Besonnesches an et gouf fir hien dann och genuch Aarbecht hannert de Kulissen.

Eng Ekipp vun RTL hat d'Chance, dem Gérard Lopez deen Owend iwwert d'Schëlleren ze kucken.