Wéi däitsch Medie mellen, waart de Flavio Becca säin definitiivt Engagement beim 1. FC Kaiserslautern nach of.

No den nees neien Turbulenzen aus de leschten Deeg beim Veräin aus der drëtter däitscher Bundesliga, sot de Lëtzebuerger Investisseur an engem Interview mat der Zeitung Rheinpfalz: Ech muss Stabilitéit hunn. Wann ech keng Garantie hunn, kann ech kee Kontrakt ënnerschreiwen.

E Freideg krut de Becca Pabeieren, wou de 4-fachen däitsche Champion mat engem Wäert vu 45 Milliounen Euro chiffréiert gëtt.

De Sonndeg, 20. Oktober ass déi fir d’Zukunft vum 1.FCK wichteg “Jahreshauptversammlung”.

Successeur vum Sportchef Martin Bader, deem säi Kontrakt Enn Dezember ausleeft, kéint den Axel Schuster, fréieren Sportdirekter bei Schalke 04, ginn. De Becca soll Virgespréicher gefouert hunn.

D’Decisioun hëlt awer de Beirot vum 1.FCK, deen den 20.10. nei gewielt gëtt.

De fréieren FIFA-Arbitter Markus Merk huet sech gemellt, fir als Fonktionär a verschiddene Gremien zu Lautern Responsabilitéit z'iwwerhuelen, a kéint deemno a wichtege Personnage ginn, wéi et an Zukunft um Betzenberg virugeet.

Fan-Boykott bei éischter Heem-Victoire vun der Saison

Et ware just 16038 Zuschauer op den Tribünen um Betzenberg beim Match géitn Jena. Dat ass e Minus-Rekord.
D'Fans sinn Deels vun der West op d'Süd-Tribün geplënnert, wouduerch et op der Tribün hannert dem Gol nawell grouss Lächer gouf. D'FCK-Fans hu sech esouguer geweigert den traditionellen „You‘ll never walk alone“ ze sangen.

Wéi de Gabriele vu Jena schonn an der 6. Minutt den 0:1 markéiert huet, war d'Stëmmung komplett am Keller. Kaiserslautern huet awer net opginn a konnt de Match nach duerch 3 Goler dréien a mat 3:1 gewannen.