Red Boys kënne sech knapp 34:32 géint de Chev behaapten

© AFP
Bei den Dammen huet de Chev dem HB Käerjeng keng Chance gelooss, d'Red Boys hu beim Standard gewonnen an Diddeleng krut géint de Museldall de vollen Asaz
Bei den Häre war e Samschdeg ee Match vum 6. Spilldag an der ieweschter Handball-Divisioun. A bei den Dammen huet Diddeleng an Dikrech doheem iwwerzeegt.
Hären-Handball
Red Boys - Chev Dikrech 34:32 (19:13)
Virum eegene Public wollten d'Red Boys sech net vun dem Chev Dikrech iwwerrasche loossen. Séier war d'Ekipp vun Déifferdeng am Avantage: no enger Véierelstonn stoung et 10:8 fir d'Lokalekipp. Am weidere Verlaf huet d'Formatioun aus der Ieselsstad awer geäntwert a koum zeréck. Kuerz virun der Paus hunn d'Red Boys awer nees méi dominant opgespillt, soudatt et mat engem 19:13 an d'Paus goung.
Dono goung et mat der Féierung vun de Red Boys weider. Ëmmer nees konnte si geféierlech virum Dikrecher Gol opdauchen an de Ball am Filet ënnerbréngen. 6 Goler waren d'Déifferdenger 15 Minutte viru Schluss vir. 10 Minutten drop war de Virsprong op 7 Goler gestigen, ma du koum Dikrech nach eng Kéier zeréck. Hire Comeback vun 5 Goler hannereneen ass um Enn awer net méi fir d'Victoire duergaangen.
Dammen-Handball
HB Diddeleng - HB Museldall 21:17 (15:7)
Den Tabelleleader vun Diddeleng huet sech doheem géint den HB Museldall duerchgesat. De Museldall war vun Ufank un am Réckstand a konnt bis zum Schluss net méi zeréck an de Match kommen.
Standard - Red Boys 16:20 (8:8)
Vun Ufank u goung et bei der Partie tëscht dem Standard an de Red Boys hin an hier. Ronn 12 Minutte viru Schluss konnte sech awer déi Déifferdenger Dammen ee Virsprong erausspillen an dëse bis zum Schluss vun der Partie halen.
Chev Dikrech - HB Käerjeng 34:24 (17:11)
D'Dikrecher Damme waren e Samschdeg den Owend doheem géint den HB Käerjeng gefuerdert. D'Ekipp vun der Sauer an d'Ekipp aus der Brauereistad hu sech an den Ufanksminutten näischt geschenkt. De Chev krut awer vu Minutt 17 un ee Lach vun e puer Goler - et goung mat enger 17:11-Féierung op den Téi. Och an der 2. Hallschecht war de Club aus der Ieselsstad méi dominant an huet schliisslech verdéngt op 10 Goler 34:24 gewonnen.